Zéngdausende Leit setzen en Zeeche géint de Rietsruck

© AFP
Véier Woche virun de Bundestagswale sinn an Däitschland d'Leit zu Zéngdausenden op d'Strooss gaangen.
Virum Brandenburger Tor zu Berlin an zu Köln hunn e Samschdeg der Police no zéngdausende Leit géint e Rietsruck demonstréiert.
Zu Berlin hu sech beim Brandenburger Tor Leit aus allen Altersgruppen, dorënner vill Famillen, zesummefonnt, fir mat Luuchten een Zeeche vun Zesummenhalt ze setzen. D'Aktioun huet sech och géint d'AfD an aner riets Parteien an Europa, géint d'Politik vum US-President Trump an den Afloss vum Tech-Milliardär Elon Musk geriicht.
Zu Berlin hunn d'Organisateure vu ronn 100.000 Participanteë geschwat, der Police no waren et ronn 35.000 Demonstranten an Demonstrantinnen.
Bei enger grousser Demo zu Köln géint Riets hunn eng 40.000 Mënschen deelgeholl, dat huet d'Police e Samschdeg den Owend matgedeelt. D'Organisateuren hu vun "iwwer 70.000 Leit" geschwat, déi "zu Köln gemeinsam fir d'Demokratie op d'Strooss" gaange sinn. D'Organisateuren hate 5.000 Leit ugemellt.

© AFP
Och zu Halle sinn d'Leit e Samschdeg op d'Strooss gaangen. Hei waren et der Police no eng 9.100 Leit, déi géint de Walkampfoptakt vun der AfD protestéiert hunn. Hei koum et och zu net esou friddlechen Zeenen. D'Police huet Enquêtë wéinst ënnert anerem geféierlecher Kierperverletzung, Beleidegungen an an dem geféierlechen Agrëff an de Stroosseverkéier an d'Weeër geleet.
A verschiddenen däitsche Stied haten Organisatiounen zu Protestaktioune géint Rietsextremismus an déi zum Deel erwise rietsextreem AfD opgeruff. D'Demonstratiounen hu sech och géint d'Pläng vum CDU-Chef Friedrich Merz geriicht. Hie wëll d'nächst Woch am Bundestag eng Demande fir eng Verschäerfung vun der Migratiounspolitik stellen. Medieberichter no soll hie parteiintern duerchblécke gelooss hunn, datt hien dobäi och Stëmme vun der AfD a Kaf géing huelen.

© AFP