Dokter wéinst Vergewaltegung a sexualiséierter Gewalt a ronn 300 Fäll ugeklot

Demonstrante viru Geriichtsgebai zu Vannes / © Damien Meyer
A Frankräich ass e Méindeg um Geriicht zu Vannes den Optakt vum warscheinlech gréisste Mëssbrauchsprozess an der franséischer Geschicht.
Ugeklot ass en Dokter, dee sech wéinst Vergewaltegung a sexualiséierter Gewalt a ronn 300 Fäll muss veräntwerten. De Chirurg soll iwwer 25 Joer ewech ëmmer nees jonk Patientinnen, dorënner souguer Meedercher, mëssbraucht hunn, wärend déi an der Narkos waren.
Den haut 74 Joer ale Medezinner huet verschidden Dote schonn zouginn. Réischt wéi seng Tagebicher wärend der Enquête saiséiert goufen, ass déi ganz Envergure vum Skandal kloer ginn. De Prozess wäert e puer Woche laang daueren.