
Deemno huet d’Landgeriicht München II d’Klo géint ee Chef de Circulation an ee sougenannte “Bezirksleiter Fahrban” zougelooss, wéi et e Freideg heescht. Déi zwee Männer sollen am Juni 2022 duerch Noléissegkeet fir den Doud vu fënnef Mënschen an d’Kierperverletzung vun 72 Mënsche responsabel sinn.
D’Prozedur géint en drëtte Mataarbechter vun der Deutschen Bahn gouf am Accord mam Parquet géint eng Geldoplo fale gelooss. De Mann muss 4.000 Euro u karitativ Organisatioune bezuelen. Wéini d’Geriicht iwwer de Fall verhandele wäert, war nach net bekannt.
Beim Ongléck den 3. Juni 2022 war e Regionalzuch zu Burgrain entgleist. Engem Tëscherapport vun der “Bundesstelle für Eisenbahnunfalluntersuchung” aus dem Juni 2023 no waren defekt Bëtonsschwellen d’Haaptursaach fir den déidlechen Accident. D’Bunn huet preventiv honnertdausende Schwellen ausgetosch.
RTL-News (19.8.22): No uergem Zuchongléck a Bayern: Däitsch Bunn léisst 200.000 Eisebunnsschwellen aus Bëton iwwerpréiwen
RTL-News (7.6.22): Zuchongléck an Däitschland: 5 Doudeger a 44 Blesséierter, eng Persoun um Sonndeg nach a Liewensgefor
RTL-News (4.6.22): Oberbayern: Op d’mannst 5 Doudeger a 15 Schwéierblesséierter bei Zuchongléck