Zuchongléck an Däitschland
5 Doudeger a 44 Blesséierter, eng Persoun um Sonndeg nach a Liewensgefor
Bei den Doudegen handelt et sech ëm ee Jong am Teenager-Alter an ëm 4 Fraen am Alter tëscht 32 a 70 Joer, esou d'Ausso vun der Police.
E Freideg war den Zuch vu Garmisch-Partenkirchen a Richtung München entgleist, wouropshin Waggonen ëmgekippt waren.
Als warscheinlechst Ursaach hunn déi zoustänneg Autoritéiten antëscht en technesche Feeler genannt. Ob un de Gleiser oder um Zuch wier awer nach net kloer.
En Dënschdeg koum dunn d'Nouvelle, datt de Parquet vu München eng Enquête géint 3 Mataarbechter vun der Bunn lancéiert huet, dat wéinst "Homicide involontaire".
Am meeschte gelies