Op d'mannst 5 Doudeger a 15 Schwéierblesséierter bei Zuchongléck
© AFP
An der Géigend vu Garmisch-Partenkirchen ass e Freideg géint 12.20 Auer en Zuch entgleist.
Engem Policespriecher no gëtt um Samschdeg e Kran op der Onglécksplaz erwaart, dee bis zu 120 Tonnen hiewe kann. Et kéint een net ausschléissen, datt och weider Affer ënnert dem Waggon leien. Ënnert den Debrise gouf e Samschdeg e fënneft Doudesaffer fonnt. Et war immens schwéier, d'Affer ze biergen, well d'Waggone fir d'éischt hu missen opgehuewe ginn, wat bei deenen éischte Versich net gelongen ass. Beim Accident e Freideg goufen iwwer 40 Mënsche blesséiert. Et ginn och nach ëmmer Leit vermësst.
Wat ass geschitt?
Zu Bugrain ass e Freideg an der Mëttesstonn e Regionalzuch entgleist, deen a Richtung München ënnerwee war. E puer Waggone sinn doropshin ëmgekippt. Op d'mannst 4 Mënsche sinn ëm d'Liewe komm, eng 30 Leit goufe blesséiert. Dat huet e Porte-parole vun der Verwaltung Garmisch-Partenkirchen confirméiert.
E Spriecher vum Landratsamt Garmisch-Partenkirchen huet matgedeelt, an den entgleiste Waggonen hätte ronn 60 Leit gesiess. 15 vun hinne wiere schwéier blesséiert ginn. Si sinn dem bayreschen Inneministère a Klinicken an der Ëmgéigend bruecht ginn.




Ermëttlungen zur Ursaach
De vollbesaten Zuch war vu Garmisch a Richtung München ënnerwee. An enger Kéier bei Burgrain ass den hënneschten Deel entgleist. Genee Informatiounen doriwwer, wéi et zum Accident komme konnt, ginn et bis ewell nach net. Eng Partie Waggone sinn op d'Säit gekippt, anerer sinn en Hiwwel erofgefall. E Policespriecher huet bestätegt, datt et keng Kollisioun mat engem aneren Zuch ginn hätt. D'Police rechent mat "laangwieregen Ermëttlungen". De bayresche Verkéiersminister Christian Bernreiter sot, um Ongléck wier "keen zweeten Zuch a keen anert Gefier bedeelegt" gewiescht.
Bayreschen Inneminister: "Weider Doudeger net ausgeschloss"
Am Zuch souzen um leschte Schouldag virun der Péngschtvakanz och vill Kanner. De bayreschen Inneminister Joachim Herrmann sot op der Plaz, bannent enger Stonn wieren all d'Passagéier aus dem Zuch gerett ginn. Eng schwéier blesséiert Persoun wier um Wee an d'Klinick gestuerwen. "Mir ginn am Moment dovunner aus, datt ënnert dem Eisebunnswaggon op d'mannst dräi Doudeger leien", sou den Herrmann. Soulaang de Waggon nach net ugehuewen ass, kéinte weider Doudeger net ausgeschloss ginn.
D'Streck tëscht Garmisch an Oberau ass bis op Weideres gespaart.