Däitsch Bunn léisst 200.000 Eisebunnsschwellen aus Bëton iwwerpréiwen
© AFP/Archiv/Dominik BARTL
Nodeems et ufangs Juni bei engem Zuchaccident zu Burgrain bei Garmisch-Partenkirchen 5 Doudesaffer a 40 Blesséierter gouf, ermëttelt DB no der Ursaach.
Déi däitsch Bunn hätt den Ament en Hierstellerfeeler bei den Eisebunnsschwellen aus Bëton a Verdacht. Dowéinst wier een am gaangen 200.000 Eisebunnsschwelle vun engem bestëmmte Bauttyp an engem bestëmmten Hiersteller z'analyséieren. Bis ewell kéint ee soen, datt e puer Eisebunnsschwellen Onreegelméissegkeeten am Material opweise géifen. Dës missten elo esou séier wéi nëmme méiglech gewiesselt ginn. De Käschtepunkt, deen op déi däitsch Bunn elo duerkomme géif, wier an enger dräistelleger Milliounenhéicht, deelt de Betrib an engem Schreiwes mat.