Um 9.40 Auer goung et lass e Freideg de Moien. D'Mataarbechter vum Kampfmittelräumdienst Rheinland-Pfalz hunn ugefaangen, eng Fligerbomm z'entschäerfen.

Eng 100 Leit waren op der Plaz zur Verstäerkung, ma no enger hallwer Stonn war schonn alles eriwwer an den 250 Kilogramm schwéiere Blindgänger entschäerft. 80 Joer laang louch d'Bomm aus dem Zweete Weltkrich am Leembuedem an hat nach d'original Zünderen drop.

Fonnt gouf d'Bomm de 15. Abrëll wärend Aarbechte mam Bagger op enger Wiss am sougenannte "Kyllbogen" tëscht Gerolstein a Lissingen. E Sécherheetsperimeter vun 300 Meter war ausgerechent ginn. Stroosse ronderëm goufe gespaart an deviéiert an och déi 370 Awunner aus der Géigend waren am Virfeld iwwer regional a sozial Medien souwéi Flyer a mobil Message aus Hautparleuren informéiert ginn. Betraffe Bewunner goufen evakuéiert an dat hätt ouni  Problemer geklappt, sou de lokale Buergermeeschter Hans Peter Böffgen.