Walen an England sinn e Stëmmungstest fir d'Labour-Partei

© AFP
An Deeler vun England gëtt sech den Ament op déi nächst Wale preparéiert. Et sinn déi éischt zanter dem Regierungswiessel am Juli zejoert.
Den 1. Mee, wa Feierdag zu Lëtzebuerg ass, gëtt an England gewielt an dat an 23 Councils, wat mat de Gemengen zu Lëtzebuerg ze vergläichen ass. Fir kënnen seng Stemm ofzeginn, huet ee sech misse virum 21. Mäerz registréieren.
D'BBC gëtt den Ament de Leit d’Méiglechkeet, hir Iddien a Suerge matzedeelen. Dës ginn da weidergeleet un déi lokal Politiker a ginn hoffentlech virun de Walen adresséiert. Bei de leschte Lokalwalen am Mee d'lescht Joer war d’Labour-Partei vum Premier Keir Starmer de gréisste Gewënner. D'Tories, also déi Konservativ, haten an deene Wale verluer a koume just nach op drëtter Plaz no de Liberal Democrats. Dem Nigel Farage seng Reform UK ass als grousse Verléierer aus deene Walen ervirgaangen.
D'Themen, déi bis elo am meeschten an der Walcampagne ugeschwat gi sinn, sinn net iwwerraschenderweis, de Wunnengsbau an d'Educatioun, ma awer och d’Versuergung vun der eelerer Populatioun a Leit, déi eng Beanträchtegung hunn. Och Ëmweltsujete ginn den Ament diskutéiert. Déi éischt Resultater dierften an der Nuecht op den 2. Mee virleien. Ma et kéint awer och bis nom Weekend zéien. Et bleift ofzewaarden, ob dem Keir Starmer seng Partei bei dësem éischte Stëmmungstest, d’Majoritéit vun de Sëtz behält.