Zesumme mat aneren Organisatiounen, déi an der Gazasträif schaffen, huet Care Lëtzebuerg en Appell lancéiert.

Hëllefsorganisatiounen an der Gazasträif géingen dru gehënnert ginn, hir Aarbecht ze maachen. Dat soen 12 grouss national an international Organisatiounen, déi op der Plaz schaffen. Si warne virun engem kompletten Zesummebroch vun der humanitärer Hëllef. "Loosst eis eis Aarbecht maachen", ass de Communiqué vu Care Lëtzebuerg iwwerschriwwen.

Appell Care Lëtzebuerg fir Gaza / Reportage Diana Hoffmann

Eng Ëmfro ënnert 43 international a palästinenseschen Hëllefsorganisatiounen a Gaza huet erginn, dass bal 95 Prozent vun hinnen, zanter dem Enn vum Waffestëllstand virun engem Mount, hir Hëllef hu mussen ophalen oder drastesch reduzéieren. D’humanitär Hëllefer misste bei d'Mënsche kommen, ouni ugegraff ze ginn, seet de Frédéric Haupert, Direkter vu Care Lëtzebuerg a fuerdert en direkten an nohaltege Waffestëllstand. Fir et de Mënschen z’erméiglechen, sech z’erblosen, an den Organisatiounen op der Plaz Hëllef ze leeschten. Doriwwer eraus bräicht een d'Sécherheet, dass keng Infrastrukturen, wéi Klinicken ugegraff ginn. 
 
Déi éischte Kéier géing eis Generatioun grad materliewen, wéi e gesamten humanitäre System géing versoen. "Mir sinn an enger Situatioun, wou an der gesamter Gazasträif eng Hongersnout net méi eng hypotheetesch Perspektiv ass, mee e ganz warscheinlechen Zenario. Wou all eenzele Mënsch, deen an der Gazasträif lieft, dréngend humanitär Hëllef brauch", betount de Frédéric Haupert. An awer géingen dës Hëllefe blockéiert ginn. Elleng an de leschten 18 Méint wiere 400 humanitär Hëllefer ëm d'Liewe komm. 
 
Zanter 7 Woche scho wier keng Hëllef an der Gazasträif zougelooss, seet d'Beckie Ryan, Directrice vu Care Gaza an dem Westjordanland. Duerch d'Ausfale vun de Liwwerunge wieren d'Präisser um Maart extreem an d'Luucht gaangen. De Präis fir Miel fir de Privatmann wier zum Beispill ëm iwwer 400 Prozent an d'Luucht gaangen. Gas fir ze kachen ëm iwwer 300 Prozent. Dat kéinten d'Leit sech awer net leeschten a scho guer net an der aktueller Situatioun.
 
"D'Situatioun ass extrem kritesch. D'Leit versiche vun Dag zu Dag ze liewen. Waasser an Iessen ze fannen, just fir z'iwwerliewen. An de psychologeschen Aspekt hei ass extrem signifikant", betount d'Beckie Ryan. Doriwwer eraus wier och déi medezinesch Hëllef dobäi auszegoen an den Accès zu de Klinicke wier net méi sécher.