Putin annoncéiert Wafferou iwwer Ouschteren

De Chef vum Kreml huet eng Wafferou am Ukrain-Konflikt annoncéiert. Déi begrënnt hie mam Ouschterfest.
Vun e Samschdeg 17 Auer bis e Méindeg 23 Auer géing net geschoss ginn.
De Putin hat säin ieweschte Generol gesinn, fir sech iwwer d'Lag un der Front ze informéieren.
De Putin huet awer och betount, datt seng Truppen zu all Ament missten drop virbereet sinn, datt d'Ukrain géint dës Waffepaus géif verstoussen.
Si misste bereet sinn, op all Provokatiounen an aggressiv Aktiounen vum Feind ze reagéieren.
Den ukrainesche President Selenskyj huet skeptesch op déi russesch Annonce reagéiert.
Um Freideg hat den Donald Trump nach mam US-Réckzuch aus de Verhandlunge gedreet. Wann eng vun den 2 Parteien déi Gespréicher géing schwiereg maachen, da géingen d'USA verzichten, dorunner deelzehuelen.
Den US-President hat awer och gesot, datt hie nach gutt Chancë gesäit, datt een de Probleem léise kann, ma da misst mat de Kampfhandlungen opgehale ginn.