Méi wéi 1 op 10 Bommen, déi Israel op Gaza geschoss huet, ass net explodéiert
D’Iwwerreschter vun der déidlecher Munitioun, wa se da méi spéit explodéiert, féiert zu schwéiere Blessuren a kascht och Mënscheliewen.
Ënnert der Konventioun vun Den Haag aus dem Joer 1907 huet Israel d’Obligatioun, déi Gefor fir Zivilisten ze raumen oder mat Spezialisten ze kooperéieren. Israel blockéiert awer dat néidegt Material fir den Deminage op der Grenz zu Gaza.
E Reportage vum Petz Bartz.
D'Gazasträif läit voll mat net-explodéierte Missilen a Granate vun den zéngdausenden israeelesche Loftattacken. Kanner an eeler Leit sinn ëmkomm doduerch, goufe verwonnt, hunn hir Ae verluer. Déidlech Munitiounsreschter leien iwwerdeems och heefeg am futtisse Gemaier vun den Haiser, déi zerschoss goufen. Eng grouss Gefor blitt den Ekippen, déi no den Welle vun Attacken opraumen. Ee Mann hat mat engem normale Bulldozer probéiert, eng Strooss ze raumen, wéi eng Bomm am Bauschutt explodéiert ass, déi hie net gesinn hat. E Kand, dat an der Strooss stoung koum, dobäi ëm d’Liewen, en anert hat en A verluer, grad wéi hie selwer.
Mohamed Mekdad – Unitéit vum Deminage vun der Police zu Rafah:
"Soubal d’Wafferou ugefaangen hat, ware mer direkt um Terrain. Wärend dem Krich gouf eist ganzt Material zerstéiert. Mir haten och keng Sécherheetskleedung méi, näischt méi, fir Bommen ze hiewen oder ze transportéieren. Heiansdo hu mer se missen an normale Policeautoen ewechféieren."
Kee weess, wéi vill där explosiver Munitioun nach an der Gazasträif läit. Israel léisst kee Material an d’Gazasträif eran, dat e militäreschen Notze kéint hunn, dorënner fält och spezialiséiert Material fir den Deminage. Eng komplett Raumoperatioun vun der zerstéierter Sträif kéint Joren daueren a géif Honnerte Milliounen US-Dollar kaschten.
Greg Crowther – Mines Advisory Group International:
"Iwwer 15 Méint. Also goufen zéngdausende Bommen op d’Gazasträif gepucht. Dobäi kënnt nach d’Munitioun vun der Buedemoffensiv, wéi Mörsergranaten an RPG-Rakéiten. Mir wëssen aus Erfarung op anere Plazen, dass e groussen Deel dovun net explodéiert ass a si leien ënnert de futtissen Haiser."
Fir z’intervenéieren, bréichten international Deminage-Spezialisten awer Visae vun den israeeleschen Autoritéiten a gepanzert Gefierer, Schutzkleedung a Roboter op der Plaz.
"Wat et méi laang dauert, dass mer net kënnen eragoen – mir oder aner Operateuren – wat d’Leit éischter selwer probéieren, ze raumen. Si wëllen opbauen an d’Geforen ewechhuelen. Mee duerch en Accident oder wa se beweegt ginn, explodéiere se."
Den ONGe bleift den Ament just d’Plazen ze markéieren, wou Munitioun läit, fir ze probéieren Accidenter z’evitéieren, speziell déi vu Kanner. Et geet drëms, d’Zivilpopulatioun ze sensibiliséieren op dat héich geféierlecht Ëmfeld, an deem se musse liewen.
Hanin Salama – Rout Kräiz:
"Mir konzentréieren eis op d’Kanner. Mir mussen hiert Verhale korrigéiere mat Krichsmunitioun, net dass se probéieren, se ze verbrennen oder drop ze klappen. Mee duerch eis Sensibiliséierungscampagne hu mer scho vill erreecht."
Geforen op jiddefalls laueren iwwerall. Eng 2.000-Pond-Bomm, wéi Israel der gehäit huet, hannerléisst en enorme Krater, dee keen an engem Radius vun iwwer 30 Meter kann iwwerliewen.