Den indeschen Inneminister Amit Shah huet vun enger terroristescher Dot geschwat.

Bei enger Attack op Touristen zu Pahalgam an der Regioun Kaschmir sinn en Dënschdeg op d'mannst 26 Persoune gestuerwen. Et gouf och eng Rei Blesséierter. Dat huet déi lokal Police matgedeelt.

An engem éischte Bilan goung nach vu 5 Doudesaffer rieds. E Reesguide sot da géigeniwwer der AFP, hie wier no der Attack op der Plaz ukomm an hätt Blesséierter um Päerd fortbruecht. Hien hätt Männer um Buedem leie gesinn, déi dout geschéngt hunn.

Dokteren aus engem Spidol zu Anantnag hunn ausgesot, dass eng Partie Blesséierter mat Schosswonnen an d'Spidol ageliwwert goufen.

Ënnert den Doudesaffer wiere gréisstendeels Visiteuren aus verschiddenen Deeler vun Indien gewiescht, sou d'Autoritéiten. Éischt Informatiounen, dass och auslännesch Touristen ënnert den Affer vun der Attack wieren, goufe bis ewell nach net offiziell confirméiert.

Den indeschen Inneminister Amit Shah huet vun enger terroristescher Dot geschwat. Den indesche Premierminister Modi huet d'Attack op dat schäerfst verurteelt, déi Responsabel géifen zur Rechenschaft gezu ginn.

D'Zeitung "Greater Kashmir" huet gemellt, d'Grupp "The Resistance Front" hätt d'Dot fir sech revendiquéiert. Offiziell confirméiert ass et net.

An der Regioun Kaschmir suerge Rebellen ëmmer nees fir Onrouen. Si fuerderen d'Onofhängegkeet vun der Regioun oder en Uschloss u Pakistan. De Groussdeel vun de Bewunner vu Kaschmir hunn de muslimesche Glawen.