Am Dossier Grenzkontrolle gouf et e Méindeg zu Bréissel eng Reunioun vu Representante vu Lëtzebuerg a vun Däitschland mam Schengen-Coordinateur.

An där Entrevue goufen déi verschidde Positiounen nach emol duergeluecht. D'EU-Kommissioun wëll bis September oder Oktober en Avis ausschaffen, wou analyséiert gëtt, ob déi däitsch Kontrolle proportionell an néideg sinn. Dat sot de Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden am RTL-Interview.

Den CSV-Minister war e Méindeg an en Dënschdeg an der éisträichescher Wachau fir eng Reunioun mat den däitschsproochegen Inneministeren. Bei där Geleeënheet huet de Léon Gloden senger däitscher Homologin Nancy Faeser nach emol déi Lëtzebuerger Doleancen a Punkto Grenze mat op de Wee ginn.

D'SPD-Politikerin huet allerdéngs op hire Successeur verwisen, wat jo den CSU-Mann Alexander Dobrindt soll ginn.
Soubal deen am Amt ass, wëll de Léon Gloden den Dialog sichen, ënner anerem beim nächsten EU-Conseil am Juni.