Déi däitsch Bundespolizei huet annoncéiert, datt ee méi streng géint illegal Awanderung wéilt virgoen a widdersprécht domadder Aussoe vum Bundeskanzler.

Der Lëtzebuerger Regierung si se en Dar am A an och aner Nopeschlänner hu sech scho kritesch géintiwwer de verschäerfte Kontrollen un der däitscher Grenz geäussert.

Mä wéi d'Bundespolizei vun Tréier matdeelt, sinn e Freideg déi éischt Demandeurs d'asile un der däitsch-Lëtzebuerger Grenz ofgewise ginn. Si wieren zu Tréier op der Gare bei der Kontroll vun engem Reesbus opgefall. Et handelt sech ëm véier Afghanen, déi vu Lëtzebuerg aus an Däitschland areese wollten. Zwou Fraen an zwee Männer, déi eng éischte Kéier Asyl a Griichenland ugefrot haten.

Déi nei däitsch Regierung ënnert dem Friedrich Merz hat ugekënnegt vun der anerer Woch nach méi un de Grenze kontrolléieren ze wëllen. Elo scho waren d'Frontaliere wéinst de Grenzkontrollen deels mat laange Waardezäite geplot. Lëtzebuerg hat dowéinst schonn bei der EU-Kommissioun reklaméiert. D'Fro stellt sech a wéi wäit dës Handlungen compatibel si mat EU-Recht.

Däitsch Police a Regierung mat ënnerschiddlechen Aussoen

D'Police géif vun elo un alleguerten d'Flüchtlingen zréckweisen. Mat Ausnam vu besonnesch vulnerabele Leit, seet e Spriecher vun der däitscher Policegewerkschaft a widdersprécht domadder den Aussoe vum Friedrich Merz e Freideg nach zu Bréissel. Deen hat bei der EU verséchert, Däitschland géif sou änlech kontrolléiere wéi bei der Fussball-EM zejoert.

Zu de vulnerabele Persounen gehéieren ënner anerem schwanger Fraen a Kanner.

Lëtzebuerg hëlt ofgewise Migranten net zeréck

Op eis Nofro hin huet de Léon Gloden nach emol betount, datt Lëtzebuerg keng ofgewise Migranten zréckhëlt. Lëtzebuerg géif ferm an der Saach bleiwen, also kloer géint Kontrollen am Schengenraum, ma awer weider oppe fir Diskussiounen. Hien hätt d'lescht Woch e "gutt a frëndschaftlecht" Gespréich an deem Sënn mam neien Inneminister Alexander Dobrindt gehat. D'Lëtzebuerger an déi däitsch Police wieren och mateneen a Kontakt.

Vun der Affär vun de véier Afghanen wéist Lëtzebuerg awer näischt, huet de Lëtzebuerger Inneminister confirméiert. Zwar deelt déi däitsch Police mat, datt d'Leit zeréck a Lëtzebuerg bruecht goufen, hir Kolleegen aus dem Grand-Duché wieren dem Policeminister no awer net doriwwer informéiert ginn.