Nieft der Drogekriminalitéit huelen och d’Bedruchsfäll online zou

© AFP
Europol spillt eng zentral Roll am Kampf géint d’Organiséiert Kriminalitéit an Europa. Virop wëll een déi national Autoritéiten an Europa ënnerstëtzen.
An dat mam Zil virop den Terrorismus ze bekämpfen an d’organiséiert Kriminalitéit.
De Kampf géint d’organiséiert Kriminalitéit bleift eng Erausfuerderung
D’organiséiert Kriminalitéit geet ëmmer méi raffinéiert fir an ass och grenziwwergräifend aktiv. Dofir wier et entscheedend, dass d’Länner an der Europäescher Unioun an enger staarker Allianz zesummeschaffen.
De Jan Op Gen Oorth, Pressespriecher vun Europol, erkläert:
„Europa muss man sich vorstellen wie einen Bienenkorb, wo die ganzen Polizisten, internationalen Polizisten der EU-Mitgliedsländer reinfliegen, Informationen austauschen zu kriminellen Bereichen, Fällen, die sie ermitteln. Im letzten Jahr ermittelten wir in 3.300 Fällen, wichtig ist auch, dass wir auch verknüpft sind mit über vierzig Nicht-EU-Staaten, von Neuseeland bis Kanada und von Ecuador bis Japan. Das heisst, man kann mit Europol, mit einer Anfrage global Intelligence abfragen, um internationale Fälle zu lösen."
Dës Zesummenaarbecht wier wesentlech fir national Police- a Justizautoritéiten, fir grenziwwergräifend Fäll ze léisen an dat séier an effikass.

Am grousse Reuniounssall vun Europol kënne Polizisten zesummekomme fir sech auszetauschen. / © Pierre Weimerskirch
Cyberkriminalitéit hëlt zou
D’Tamara Schotte, déi ënnert anerem verantwortlech ass fir de de Rapport iwwer organiséiert Kriminalitéit bei Europol:
„The report is a key tool to track trends and patterns in criminal activity. We analyze data in detail to identify future risks and recommend preventive measures.“
De Rapport ënnersträicht d’Entwécklung vun neie Forme vu Kriminalitéit, wéi Cyberkriminalitéit, Drogenhandel, Mënschenhandel, a Finanzkriminalitéit.
Am Gespréich mat Lëtzebuerger Journalisten huet si drop higewisen, dass d’Länner dacks am Beräich Cyberkriminalitéit net gutt opgestallt wieren.
Och fir Lëtzebuerg ass Europol wichteg
De Claude Scho, dee fir d'Lëtzebuerger Police bei Europol ass, gesäit d’Zesummenaarbecht als eng „essentiel Bréck tëscht de Lëtzebuerger Autoritéiten an der europäescher Sécherheetsarchitektur.“
Hie seet:
„Eis Zesummenaarbecht mat anere Länner ass de Schlëssel, fir d’Sécherheet zu Lëtzebuerg an an Europa ze stäerken. Sou kënne mir séier op nei Gefore reagéieren a präzis Aktioune koordinéieren.“

Vu lenks no riets: Claude Scho, Myriam Meyer, David Bourson. / © Pierre Weimerskirch
Nei Erausfuerderungen, Innovatioun a Flexibilitéit
De Jean-Philippe Lecouffe, de Vize-Direkter vun Europol, weist drop hin, dass d’Kriminalitéit sech permanent weiderentwéckelt:
„La complexité et le traitement de la criminalité organisée ne cessent d’augmenter. Nous devons être adaptatifs et flexibles pour faire face aux nouveaux défis. C’est pourquoi nous investissons beaucoup dans les nouvelles technologies, l’analyse scientifique et les partenariats avec d’autres institutions.“

De Jean-Philippe Lecouffe, de Vize-Direkter vun Europol. / © Pierre Weimerskirch
Europol setzt op modern technesch Méiglechkeete wéi Kënschtlech Intelligenz, Data-Mining an internationale Plattforme fir d’Informatiounsflëss ze verbesseren.
„Nous travaillons chaque jour pour garantir un espace européen plus sûr pour nos citoyens. Cela ne peut réussir que si nous travaillons ensemble sous un même toit et améliorons continuellement notre efficacité et notre coordination.“
Am Sonndesinterview vun dëser Woch hu mir mat enger Lëtzebuergerin geschwat, déi bei Europol schafft.