Virun iwwert enger Woch huet sech d'Tragedie zu Urmersbach an der Äifel ofgespillt. Elo huet de Parquet vu Koblenz nei Detailer verëffentlecht.

Wat genee leschten Donneschdeg zu Urmersbach, eng 70 Kilometer hannert der Lëtzebuerger Grenz, geschitt ass, ass nach net ofschléissend gekläert. Gewosst ass awer: am 500-Séilen-Duerf am Landkrees Cochem-Zell gouf een dräi Joer aalt Meedchen esou schwéier um Kapp blesséiert, datt et kuerz drop am Spidol verscheet ass.

De Virfall war beim Meedchen doheem geschitt, méi genee an der Garage, déi zu engem Fitnessraum ageriicht ginn ass. Do huet deen Ament den 48 Joer alen Noper trainéiert, deen dozou d'Erlabnis vum Papp vum Kand krut hat. D'Meedche war just e puer Minutten an der Garage, ier et schwéier um Kapp blesséiert gouf.

Direkt nom déidleche Virfall ass den 48 Joer alen Noper, zu deem de Papp vum Kand ee "gutt noperlecht Verhältnis" hat, zeréck a säin Haus gaangen, heescht et vum Koblenzer Parquet. D'Police huet nach Kontakt kënnen zum Mann ophuelen, ma ier si konnten intervenéieren, hat de Mann sech suicidéiert.

Dem virleefegen Obduktiounsrapport no ass d'Meedchen duerch stompeg Gewalt géint de Kapp gestuerwen, méiglecherweis duerch Kontakt mat enger Hantel. D'Rechtsmedizinn probéiert elo, den Oflaf nozestellen. D'Resultat dovunner gëtt sech allerdéngs eréischt an e puer Wochen erwaart.

Ob den Doud vum Meedchen en Accident war, oder op den Noper et virsätzlech doutgemaach huet, wäert elo a weideren Ermëttlunge gekläert musse ginn. Normalerweis ginn d'Ermëttlunge mam Doud vum Beschëllegten agestallt. An dësem Fall huet de Parquet allerdéngs decidéiert, datt d'Klärung vun den Ëmstänn vum Doud vum Kand am ëffentlechen Interêt, a virun allem och an deem vun der Famill läit.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.