Migrante solle Staatsbiergerschaft an Tëleesemissioun kënne gewannen

D'US-Ministesch fir Heemescht-Schutz Kristi Noem. / © JIM WATSON AFP
D'US-Regierung préift den Ament d'Méiglechkeet vun enger Tëleesemissioun, an där Migranten untrieden, fir d'amerikanesch Staatsbiergerschaft ze gewannen.
Wéi et e Freideg vum amerikanesche Ministère fir Heemescht-Schutz geheescht huet, wier een amgaangen, eng entspriechend Propos genee ze iwwerpréiwen. Bis ewell wier nach keng Decisioun gefall, ob een dës unhëlt oder refuséiert. Vun enger Spriecherin vum Ministère huet et an deem Kontext geheescht, dass een de Patriotismus an d'Biergerflicht am Land nees nei misst beliewen. Dofir géif een och onkonventionell Proposen iwwerpréiwen.
Wéi et an den US-Medien heescht, géing et an der proposéierter Show dorëms goen, wie vun de Migranten am "amerikaneschsten" ass. Fir dat erauszefannen, sollen d'Participanten um Beispill Gold sichen oder een ale Ford zesumme bauen. An all Episod géif dann ee rausfléien.
Den Donald Trump fiert an der Migratioun jo e ganz haarde Cours an huet annoncéiert, Millioune Migranten, déi keng Pabeieren hunn, aus dem Land erauszegeheien.