Ex-Frëndin Cassie Ventura erhieft schwéier Mëssbrauchsvirwërf

De Sean Combs an d'Cassie Ventura op der Met Gala 2018. / © ANGELA WEISS AFP
Zanter dëser Woch steet de Rapper Sean Combs an engem extreem mediatiséierte Prozess zu New York viru Geriicht.
De Museker a Produzent, dee fréier och als Puff Daddy a P. Diddy bekannt war, kritt Vergewaltegung, sexuell Mësshandlungen, Mënschenhandel, organiséiert Kriminalitéit a Gewalt reprochéiert. Hie sëtzt dowéinst zanter September zejoert an Untersuchungshaft.
An de leschte véier Deeg huet dem Rapper seng Ex-Frëndin Cassie Ventura ausgesot an dem Sean Combs reprochéiert, si jorelaang mësshandelt, geschloen an ënner Drock zu Sex mat anere Männer gezwongen ze hunn. D'Defense huet iwwerdeems probéiert, ze beweisen, datt si fräiwëlleg bei den Eskapade matgemaach hätt an déi zwee eng toxesch Bezéiung gefouert hätten.
Am Ganze werfe méi wéi 70 Fraen a Männer dem Rapper vir, si mësshandelt ze hunn. Verschiddener wieren zur Zäit vun de Faite mannerjäreg gewiescht. De Sean Combs streit all d'Virwërf of. Am Fall vun engem Scholdsproch riskéiert hien eng liewenslaang Prisongsstrof.
De Prozess ass op aacht bis zwielef Wochen ugesat.