Déi israeelesch Arméi hätt mat "ëmfaassenden Ugrëff" ugefaangen an Zaldote verluecht, fir d'Kontroll iwwer weider Deeler vum Palästinensergebitt ze kréien.

Palästinenseschen Informatiounen no goufe bei den israeeleschen Attacken an der Gazasträif 153 Mënsche bannent engem Dag ëmbruecht. D'Zuelen, déi sech aktuell net verifizéiere loossen, ënnerscheeden net tëscht Kämpfer an Zivilisten. Wärenddeem Israel eng nei militäresch Offensiv lancéiert huet, huet déi Arabesch Liga am Irak iwwer de Gaza-Krich an aner Konflikter an der Regioun beroden.

Nei militäresch Offensiv vun Israel

Déi israeelesch Arméi huet an der Nuecht op e Samschdeg déi "éischt Etappe vun der Operatioun 'Gideon Sträitswon' an der Ausbreedung vun der Offensiv an der Gazasträif" bekannt. Zil wier et, "all Krichsziler z'erreechen, inklusiv der Befreiung vun de Geiselen an der Victoire iwwer d'Hamas". De Regierungschef Benjamin Netanjahu hat uganks der Woch annoncéiert, d'Militär géing an den nächsten Deeg "mat voller Kraaft" an der Gazasträif virrécken, "fir den Asaz ofzeschléissen". Dëst géing "d'Zerschloen" an "d'Zerstéierung" vun der radikalislamescher Palästinenserorganisatioun Hamas bedeiten.

D'Ausbreede vun der Offensiv kënnt kuerz nom Enn vun der Rees vum US-President Trump duerch d'Golfstaate Saudi-Arabien, Katar an d'Vereenegt Arabesch Emirater.

153 Doudeger bannent 24 Stonnen

Wéi d'Zivilschutzautoritéit, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, matdeelt, sinn e Samschdeg op d'mannst 10 Leit gestuerwen, ënnert anerem bei Attacken op Chan Juni am Süden an Dschabalija am Norden. E Freideg ware bei israeeleschen Ugrëff op d'mannst honnert Mënschen ëmbruecht ginn. D'Hamas an d'israeelesch Arméi schwätzen allebéid vun "iwwer 150 Doudeger" bannent 24 Stonnen an der Gazasträif.

Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk huet Israel wéinst de verstäerkten Attacken "ethnesch Säuberung" reprochéiert. Déi rezentst Well u Bommen an d'Block vun humanitärer Hëllef fir d'Bevëlkerung deiten dorop hin, datt do "e permanent demografescht Verschiben" virugedriwwe géing ginn. Dëst verstéisst géint d'Vëlkerrecht a wier "gläichbedeitend mat ethnescher Säuberung". Dee "Wansinn" muss en Enn kréien, huet den Türk betount.

Sommet vun Arabescher Liga

Beim Sommet vun der Arabescher Liga zu Bagdad huet den UN-Generalsekretär António Guterres zu engem direkten an dauerhafte Waffestëllstand opgeruff. Den ägyptesche President Abdel Fattah al-Sisi huet den US-President Trump opgefuerdert, Drock op Israel ze maachen, "fir eng Waffepaus an der Gazasträif z'erreechen". De spuenesche Ministerpresident Pedro Sánchez huet iwwerdeem d'Staats- a Regierungscheffen op der ganzer Welt opgeruff, "hiren Drock op Israel ze verstäerken an de Massaker an der Gazasträif ze stoppen". Den Irak huet ausserdeem 40 Milliounen Dollar fir den Erëmopbau vun der Gazasträif an dem Libanon zougeséchert.