Seegelschëff vu mexikanescher Marinn rennt an d'Brooklyn Bridge

© Esteban Moctezuma Barragán
E Samschdegowend lokaler Zäit ass e Schëff mat 277 Leit u Bord zu New York an déi berüümte Brooklyn Bridge gerannt.
Beim Schëff huet et sech ëm d'Seegelschëff "Cuauthémoc" gehandelt, dat vun der mexikanescher Marinn fir Formatiounszwecker genotzt gëtt.
Wéi déi mexikanesch Marinn op "X" matdeelt, sinn 22 Persounen u Bord vum Schëff beim Accident blesséiert ginn, 3 dovu schwéier. 19 Leit hu missen hospitaliséiert ginn. An d'Waasser wier kee gefall. D'Schëff selwer gouf beim Accident beschiedegt, dräi vu senge Maste sinn zum Deel ofgebrach.
Den New Yorker Buergermeeschter Eric Adams huet iwwerdeems confirméiert, dass zwou Persoune beim Accident gestuerwe sinn.
Vun der Police vun New York heescht et iwwerdeems, dass et un der Bréck selwer net zu gréissere Schied komm wier. Dës gouf nom Accident allerdéngs eng Zäit laang fir den Trafic a fir Foussgänger gespaart.
Dem mexikaneschen Ambassadeur an den USA Esteban Moctezuma Barragán no wier d'Schëff den Ament vum Accident um Wee fir an Island gewiescht.