Uklo géint héichrangegen ÖVP-Politiker August Wöginger

© ALEX HALADA / APA-PictureDesk / APA-PictureDesk via AFP
An Éisträich zitt de sougenannten "Ibiza-Skandal" weider Kreesser.
Elo huet de Parquet fir Wirtschaft a Korruptioun en héije Fonctionnaire vun der Regierungspartei ÖVP wéinst presuméiertem Amtsmëssbrauch ugeklot.
D'Affär geet op 2019 zréck. Deemools gouf e Video public, an deem den deemolege Chef vun der rietsnationaler Partei FPÖ, den Heinz-Christian Strache op Ibiza heemlech dobäi gefilmt gëtt, wie hien dubiéis Aussoen iwwer Spende fir d'Partei an e méiglechen Afloss op d'Medie mécht.
De Wirtschafts- a Korruptiounsparquet, deen zanterhier an enger sëllege Fäll ermëttelt, huet en Donneschdeg um Landesgeriicht Linz elo den August Wöginger, Fraktiounschef vun der rietskonservativer Regierungspartei ÖVP, ugeklot. Hie kritt Amtsmëssbrauch reprochéiert. 2017 soll de Wöginger als Deputéierten zu Gonschte vun engem Parteikolleeg intervenéiert hunn, fir dass dësen den neie Virstand vum Finanzamt zu Braunau-am-Inn sollt ginn.
Vum Thomas Schmid, deen an den Ermëttlunge vum Wirtschafts- a Korruptiounsparquet antëscht den Haapt-Zeien ass, soll den August Wöginger gebiede gi sinn, sech fir de Parteikolleeg anzesetzen. Dee gëtt effektiv geholl an dem Thomas Schmid schreift doropshin dem Wöginger: "Mir hunn et gepackt (…) De Buergermeeschter ass der eppes schëlleg!"
Donieft sinn nach zwee weider Beamte wéinst Amtsmëssbrauch ugeklot a suspendéiert. D’rezent Uklo deckt eng weider Kéier e ganz bedenklechen Ëmgang mat der politescher Muecht an den héchste Kreese vun der ÖVP op. Den August Wöginger, deen all d'Virwërf zréckweist, riskéiert bis zu fënnef Joer Prisong.