Fréieren US-President Biden huet Prostatt-Kriibs

© AFP
Mat Recours op säi Büro mellen d'Sender CNN, Fox News an d'New York Times, datt de fréieren US-President Joe Biden Prostatt-Kriibs huet.
Aus dem Schreiwes vu sengem Büro géing deemno ervirgoen, datt sech d'Krankheet op seng Schanken ausgebreet hätt.
"D'lescht Woch gouf beim President Joe Biden en neie Knuet an der Prostatt festgestallt, nodeem hien ëmmer méi Symptomer beim Urinéiere gespuert huet. E Freideg gouf bei him Prostatt-Kriibs mat engem Gleason-Score vun 9 a Metastasen an de Schanke diagnostizéiert", heescht et an der Erklärung.
"Obwuel et eng méi aggressiv Form vun der Krankheet ass, schéngt de Kriibs hormonempfindlech ze sinn, wat eng wierksam Behandlung erméiglecht", heescht et weider. Den Joe Biden a seng Famill géingen den Ament "Behandlungsméiglechkeete mat sengen Dokteren" préiwen.