D'Telefonsgespréich Trump-Putin huet iwwer 2 Stonne gedauert.

Virum Appell mam Kremlchef hat den US-President mam ukrainesche President Volodymyr Zelensky geschwat.

Nom Telefonsgespréich vun 2 Stonnen

Der russescher Säit no wier een "op der richteger Spuer". Vun enger direkter Wafferou wéilt een zwar net schwätzen. Do géingen et prealabel Konditioune ginn. D'Ukrain dierft net Member vun der Nato ginn, sou Moskau. Ee Memorandum fir Friddensgespréicher wier an der Maach. Dee soll der Ukrain virgeluecht ginn, ob si prett ass, fir dorunner matzeschaffen. Kiew a Moskau misste Kompromësser agoen, huet et weider geheescht. D'Gespréich mam Donald Trump wier "informativ an éierlech" gewiescht, sou de Kremlchef.

Den amerikanesche President selwer sot duerno, datt Russland an d'Ukrain "elo direkt" géingen iwwer ee Waffestëllstand verhandelen. Den Toun vum Gespréich mam Putin wier "exzellent" gewiescht. Op senge soziale Medien huet den Donald Trump de Vatikan als Plaz vun den zukünftege Verhandlungen an d'Spill bruecht. De "Prozess kéint elo ufänken".

Nom Appell hätt hien eng Rei Leit iwwer den Inhalt vum Gespréich informéiert: Den ukrainesche President Volodymyr Zelenskyy, d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, de franséische President Emmanuel Macron, déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni an den däitsche Kanzler Friedrich Merz.

De Kanzler Merz huet dann och um Méindeg den Owend wësse gelooss, datt d'EU d'Sanktioune géint Russland wéilt verstäerken.

Den Donald Trump hat bei sengem Untrëtt annoncéiert, hie géif de Krich a 24 Stonnen stoppen- wéi gesäit et haut aus ? 
 
D’Gespréich um Méindeg war ewell dat drëtt Telefonat tëscht dem Trump an dem Putin, en nennenswäerten Duerchbroch gouf et net. D’lescht Woch ware Vertrieder aus der Ukrain a Russland zu Istanbul beieneen fir Verhandlungen iwwert eng Wafferou, ma de russesche President Putin war net an d’Tierkei gereest. 
Knackpunkt war a bleift d’Fuerderung vun der Ukrain an de westleche Partner vun enger bedéngungsloser Wafferou fir 30 Deeg.

D’Ukrain bleift bei där Fuerderung, weist sech awer prett fir en Treffe mam Putin. Russland seet dogéint, et wier ee prett, un engem Pabeier ze schaffen, ma béid Säite misste Kompromësser agoen. 
Den Trump huet sech dann och deels ongedëlleg gewisen: et kéint sinn, dass et an 2-4 Wochen eng Léisung géif, anerefalls kéint hie sech och aus Verhandlungen zeréckzéien. Do wieren e puer grouss Egoen dobäi, dat sot den US-President virun de Journalisten. Kritik gouf et awer, dass den Trump Russland net genuch Drock maache géing, zum Beispill iwwert d’Menace vun neie Sanktiounen.