A Portugal gouf e Sonndeg fir déi drëtte Kéier zanter 2022 en neit Parlament gewielt.

Déi meeschte Stëmme krut mat knapps 33 Prozent dat mëtt-riets Parteiebündnis "Aliança Democrática" vum Premierminister Luis Montenegro. Géigeniwwer de leschte Walen am Mäerz zejoert ass dat e Plus vu 4 Prozentpunkten. Fir eng Majoritéit vun de Sëtz am Parlament geet et allerdéngs net duer.

Rietspopulisten als grousse Gewënner

Grousse Gewënner vun de Parlamentswalen ass allerdéngs déi rietspopulistesch Partei "Chega". Dës krut ronn 22,5 Prozent vun de Stëmmen a kënnt domat op op d'mannst 58 Sëtz am Parlament. Iwwerdeems ginn déi véier Sëtz, déi no der Auszielung vun de Stëmmen aus dem Ausland nach verdeelt ginn, traditionell un d'Rietspopulisten.

Mir hunn den Zwee-Parteie-System "ëmbruecht"

Et hätt ee Geschicht geschriwwen, huet de Chef vun de Rietspopulisten André Ventura an der Nuecht op e Méindeg géigeniwwer sengen Unhänger gesot. Et hätt een et gepackt, den Zwee-Parteie-System, deen zanter 50 Joer am Land herrscht, ëmzebréngen. Deemnächst géif een och d'Regierung stellen, sou den 42 Joer alen Droitsprofesser, deen ëmmer nees géint Minoritéiten hetzt. "Chega" krut 2019 nach 1,3 Prozent vun de Stëmmen an huet zanterdeem e staarke politeschen Opschwong higeluecht.

Sozialistechef Pedro Nuno Santos trëtt zeréck

De Partido Socialista, deen no de Walen am Joer 2022 nach mat enger absolutter Majoritéit regéiere konnt, huet och géigeniwwer de Walen op en Neits u Stëmme verluer a kënnt nëmmen nach op 58 Sëtz am Parlament. De Parteichef Pedro Nuno Santos huet no deem schlechtste Walresultat, dat d'Sozialdemokraten zanter 1987 agefuer hunn, nach um Sonndegowend säi Récktrëtt erkläert.

D'Regierungsbildung dierft schwéier ginn

Bis no de Walen eng nei portugisesch Regierung steet, kéint et daueren. De Montenegro huet eng Zesummenaarbecht mat "Chega" virun de Walen ëmmer nees ausgeschloss. Anescht wéi an Däitschland a Lëtzebuerg gëllt eng Koalitioun tëscht den zwou grousse Parteie vun der Mëtt a Portugal als ausgeschloss. Deen eenzeg méigleche Koalitiounspartner vun der "Aliança Democrática" ass déi liberal "Iniciativa Liberal", déi bei de Walen allerdéngs mat groussem Ofstand nëmmen op déi 4. Plaz koum.