Nestlé Waters vum franséische Senat schaarf kritiséiert

© AFP
An der Affär ëm illegal Traitementer vu Mineralwaasser, dat de Grupp Nestlé kommerzialiséiert, ginn et elo nei Revelatioune vum franséische Senat.
Dëse Rapport gouf e Méindeg no ronn 70 Auditioune public gemaach. Wéi et doranner heescht, hätte Fonctionnairen op verschiddenen Niveauen a Ministèren an an der Prefektur derfir gesuergt, datt Elementer aus dem Dossier sollte vertuscht ginn an ënnert den Teppech gekiert ginn.
Mat dësen Demarchë konnt an der Perrier-Fabrik zu Vergèze am Gard weider produzéiert ginn, obwuel gewosst war, datt Quelle kontaminéiert waren. Och véier Joer no den éischte Revelatiounen hält de Senats-Rapport fest, datt et weider keng Transparenz um Niveau vun Nestlé Waters géif ginn - och géifen et keng effikass Kontrolle vun de Quelle ginn.
Obwuel Konsumente wéinst der Desinfektioun an der Filtratioun vum Mineralwaasser hannert d'Liicht geféiert gi wieren, géifen et keng juristesch Suitte ginn, hält de Rapport weider fest. D'Lobby-Aarbecht vun Nestlé hätt voll a ganz op den héchste staatlechen Niveaue gespillt, schreiwen d'Senateuren.
Global gesi stellt de Marché vum Mineralwaasser op ronn 100 Sitten a mat 11.000 Aarbechtsplazen a Frankräich eng 3 Milliarden Euro u Chiffre d'Affairen duer.