EU a Groussbritannien beschléissen nees eng méi enk Zesummenaarbecht

© AFP
Virun allem a punkto Sécherheet a Verdeedegung soll an Zukunft nees méi enk zesumme geschafft ginn. Eens ass ee sech awer nach net an alle Punkten.
Um éischte Sommet zanter dem Brexit hu sech e Méindeg zu London verschidde Spëtzepolitiker aus der EU an aus Groussbritannien zesummefonnt, fir iwwert eng méi enk Zesummenaarbecht an Zukunft ze schwätzen. Dorënner waren ënner anerem d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, de brittesche Premier Keir Starmer an den EU-Rotspresident Antonio Costa.
Méi wéi fënnef Joer ass et hier, dass d'EU mam Brexit ee grousse Collaborateur verluer hat. Duerch déi rezent global politesch Entwécklungen hu sech béid Acteuren erëm méi zesummefonnt an hunn elo eng Rei Ofkommen ënnerschriwwen. Den Accord e Méindeg wier e wichtegt Zeechen an onsécheren Zäiten, esou d’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen an der brittescher Haaptstad. De brittesche Premier Keir Starmer schwätzt sengersäits vun enger "Win-Win-Situatioun" a vun enger "neier Era".
Ee vun de groussen Theeme waren e Méindeg d'Depensë fir d'Verdeedegung. Duerch een neit Ofkommes soll et britteschen Entreprisë an Zukunft méiglech gemaach ginn, um 150 Milliarden Euro schwéieren EU-Verdeedegungsfong deelzehuelen, iwwert deen d'EU-Staaten aktuell nach verhandelen. Donieft soll och beim Schutz vu kritescher Infrastruktur verstäerkt zesumme geschafft ginn, sou wéi och bei der Sécherheet am Weltall an am Kontext vun der irregulärer Migratioun.
Meenungsverschiddenheeten
Trotz engem generelle Konsens gouf et awer och e puer Punkten, bei deene sech d'Spëtzepolitiker net direkt eens konnte ginn. Ee vun de Sträitpunkte war d'Rechter an der Fëscherei, wou no laange Verhandlunge festgehale gouf, datt Groussbritannien vun 2026 u bis 2038 d'Gewässer fir europäesch Fëscher ophale géing. Am Géigenzuch géif d'EU d'Bürokratie fir Importer aus Groussbritannien lackeren.
Ee weidere Punkt, iwwert dee méi laang diskutéiert gi war, ass d'Theema ronderëm d'Mobilitéit vu Jugendlechen. Vun der EU gouf gefuerdert, datt jonk Mënschen et méi einfach sollten hunn, op begrenzt Zäit a Groussbritannien ze schaffen oder ze studéieren. Hei gouf sech an engem éischten Ulaf op e méi generellt Ofkommes verstännegt, wou iwwert weider Detailer zu engem spéideren Zäitpunkt soll geschwat ginn.