Am ëffentlechen Déngscht gëtt gestreikt, Repercussiounen op Lëtzebuerg

D'Gewerkschafte mobiliséieren op en neits géint d'Reformpläng vun der Regierung. Si fäerten e Sozialofbau.
Ënnert anerem geet et ëm eng Rentereform.
De Generalstreik huet natierlech Repercussiounen op den ëffentlechen Transport an der Belsch an och Zuch-Connectioune mat Lëtzebuerg si concernéiert.
Wéi um Internetsite vun den CFL ze liesen ass, muss vum 19. Mee um 22 Auer bis den 20. Mee um 22 Auer mat Verspéidungen an Ausfäll op de Strecke Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gouvy, respektiv Lëtzebuerg - Arel - Bréissel gerechent ginn.
Detailer ginn et op www.cfl.lu.
D'Gewerkschaft FNCTTFEL/Landesverband vum OGBL dréckt dann och an engem Pressecommuniqué hir Solidaritéit mat de belschen Aarbechter op der Bunn aus.