Virun e puer Deeg krut den Donald Trump wärend senger Auslandsrees vum Emir aus Katar e luxuriéise Fliger als Kaddo offréiert.

Den US-President huet dobäi vun engem "léiwe Gest" geschwat a sech oppe gewisen, de Kaddo am Wäert vu ronn 400 Milliounen Dollar unzehuelen. Donieft wier een der Ausso vum Trump no "domm", wann een deen "immens deiere Fliger", deen ee fir näischt kritt, net unhuele géing.

Kritik gouf et doropshi virun allem aus dem demokratesche Lager. Den Chuck Schumer aus dem US-Senat wëll elo duerch een neit Gesetz verhënneren, datt den Trump de Fliger wärend, an och nach no senger Amtszäit notze kéint. Mam sougenannte "Presidential Airlift Security Act" soll et dem Pentagon verbuede ginn, ee Fliger fir den US-President ze notzen, dee virdru vun enger auslännescher Regierung komm war. Den Ëm- an Ausbau mat den néidege Sécherheetsmesurë géingen de Steierzueler vill Milliarden Dollar kaschten, esou den demokratesche Senateur weider, deen de Kaddo schonn am viraus als "Bestiechung" betitelt hat. Nieft verfassungsrechtlechen an ethesche Froen hu weider Kritiker virun allem de Sécherheetsrisiko betount.