20 Joer ale Mann entféiert säi 6 Joer ale Brudder a fuerdert Léisegeld

© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER
D'Schwëster vun den zwee Bridder huet direkt reagéiert an d'Autoritéite kontaktéiert.
Wéi Police a Parquet en Dënschdeg zu Flensburg matgedeelt hunn, huet e Méindeg en 20 Joer ale Mann säi Brudder vu 6 Joer aus senger Spillschoul entféiert an e Léisegeld gefuerdert. Hir gemeinsam Schwëster huet deemno d'Police alarméiert. Den 20 Joer ale presuméierten Täter konnt nach dee selwechten Dag festgeholl ginn, sengem Brudder war näischt geschitt. De Mann ass säi Brudder ouni Erlabnes aus senger Spillschoul siche komm an huet dunn eng Foto vum Kand vun enger onbekannter Plaz verschéckt a mat kierperlecher Gewalt géint dëst gedreet, falls seng Léisegeld-Fuerderung net bezuelt gëtt.
Hie konnt no ronn 3 Stonne fonnt a festgeholl ginn, d'Kand war net bei him, mee bei enger Bekannter. Dës soll Ermëttlungen no näischt vun enger Entféierung gewosst hunn an och net un dëser bedeelegt gewiescht sinn. Weider Informatiounen zu den Hannergrënn vun dësem Virfall ginn et bis ewell keng.