D'EU-Staaten hunn nei Sanktioune géint Russland lancéiert, déi en Dënschdeg a Kraaft trieden. Et ass den entretemps 17. Pak mat Strofmesuren.

D'EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas sot, datt d'Mesuren an d'Reaktioune vun der Unioun ëmmer méi konsequent géife ginn, wat de Krich an der Ukrain weider dauert. Och den Ausseminister Xavier Bettel ass kloer a sengen Aussoen an Direktioun Moskau: ier Friddensverhandlungen ufänken, misst et obligatoresch zu enger Wafferou kommen.

Extrait Xavier Bettel iwwer Friddensverhandlunge mat Russland

Am Viséier vum Sanktiounspak ass ënner anerem déi sougenannt russesch Phantom-Flott fir den Transport vu Pëtrol. 
De Mesurë-Pak Nummer 18 ass ewell an der Maach, fir domat ënnert anerem ze verhënneren, datt nees soll Gas duerch d'Nordstream-Pipelines fléissen. Viséiert mat alle Sanktiounen ass deemno de russeschen Energiesecteur an d'Recetten aus deem Commerce.