Wéinst dem Klimawandel huet d'Zerstéierung vun tropeschen Urwälder enger Etüd no zejoert den héchste Stand zanter iwwer zwee Joerzéngten erreecht.

Wéi d'Fuerschungsorganisatioun World Resources Institute (WRI) e Mëttwoch matdeelt, goufen 2024 am Ganze 6,7 Milliounen Hektar Tropen-Urwald zerstéiert an domat eng Fläch vun der Gréisst vu Panama. Dëst wier den héchste Stand zanter 2002, also zanterdeem entspriechend Donnéeën opgeholl ginn. "Dat ass weltwäit Alarmstuf rout", warnt d'WRI-Co-Direktesch Elizabeth Goldman.

De Rapport konzentréiert sech op Tropebëscher, déi am stäerkste menacéiert a besonnesch wichteg fir d'Aartevillfalt an d'Späicherung vun CO2 sinn. Zesumme mat der Universitéit vu Maryland huet de WRI aktuell Donnéeë vun der Plattform Global Forest Watch ausgewäert, déi zanter 2002 Informatiounen iwwer d'Zerstéierung vun den tropeschen Urwälder zesummendréit. Deemno gouf d'lescht Joer pro Minutt eng Fläch vun der Gréisst vun 18 Futtballterrainen zerstéiert. Am Verglach zu 2023 wier dat eng Hausse vun 80 Prozent.

Bal d'Hallschent vun den Zerstéierunge ginn der Etüd no op Bränn zréck. Domat si Bränn fir d'éischte Kéier e méi wichtege Facteur fir d'Zerstéierung vun Tropebëscher wéi d'Landwirtschaft. Duerch d'Bëschbränn goufen den Experten no 3,1 Milliarden Tonnen CO2 an d'Atmosphär fräigesat -  eppes méi wéi déi järlech Emissioune vum Energie-Secteur an Indien.

Och wa Bëschbränn natierlech Ursaache kënnen hunn, ginn dem WRI no déi meescht Bränn an Tropebëscher vum Mënsch verursaacht. Iwwerdeem dréit de vum Mënsch gemaachte Klimawandel zu méi heefegen a méi intensive Bëschbränn bäi.

2024 war dat weltwäit wäermste Joer zanter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen. Wëssenschaftler hunn d'Rekordtemperaturen op de Klimawandel zréckgefouert, dee virun allem duerch déi weiderhi massiv Notzung vu fossillen Energieträger verursaacht gëtt, souwéi dem Klimaphenomeen El Niño.

Eleng a Brasilien goufen zejoert 2,8 Milliounen Hektar Urwald zerstéiert, zwee Drëttel dovun duerch Bränn. Dës géingen dacks geluecht, fir Plaz fir den Ubau vu Soja oder fir Véi-Weeden ze maachen, betount de WRI.