Méi wéi dräi Joer ass de Krich an der Ukrain elo amgaangen. Kee vun de Versich, fir ze verhandelen, huet bis ewell en Duerchbroch a puncto Fridde bruecht.

Elo steet eng nei Initiativ fir Friddensgespréicher am Raum. Den US-President Donald Trump huet no sengem Telefonat mam russesche President Wladimir Putin e Méindeg d'Méiglechkeet vu Verhandlungen iwwer eng Wafferou am Vatikan an d'Spill bruecht. Den neie Poopst Leo XIV. kéint dobäi tëscht der Ukrain a Russland vermëttelen.

Wéi koum et zu der Propos?

Et ass net déi éischte Kéier, dass de Vatikan als méigleche Vermëttler am Ukrainkrich an d'Spill bruecht gëtt. De Vatikan hat schonn ënnert dem viregte Poopst François proposéiert, tëscht béide Säiten ze vermëttelen. Dozou ass et awer virum Poopst François sengem Doud net méi komm.

Allerdéngs huet d'Begriefnis vum viregte Poopst, dat de 26. Abrëll war, dem ukrainesche President Selenskyj d'Geleeënheet gebueden, sech no der mësslongener Entrevue Enn Februar am Wäissen Haus nach eng Kéier perséinlech mam Donald Trump auszetauschen. Dës Entrevue ënner véier Aen wier der ukrainescher Noriichtenagence "Interfax" no déi bis ewell produktiivsten tëscht deenen zwee Staatscheffe gewiescht. Géigeniwwer ukrainesche Journaliste sot de Wolodymyr Selenskyj den 3. Mee, dass hie mengt, dass dëst Treffen zu engem Perspektiv-Wiessel beim Donald Trump gefouert huet.

Schliisslech sinn déi direkt Gespréicher tëscht der Ukrain a Russland zu Istanbul de 16. Mee ouni e gréisseren Duerchbroch op en Enn gaangen. Béi Säiten hu manner wéi zwou Stonne matenee geschwat a sech um Enn nëmmen op den Austausch vu jeeweils 1.000 Gefaangene gëeenegt. Iwwer eng Wafferou vun 30 Deeg, déi eent vun den Haaptziler vun de Gespréicher war, si béid Säite sech net eens ginn.

Nom Enn vun de Gespréicher zu Istanbul gouf et da fir d'éischt en Telefonat tëscht dem Wolodymyr Selensky, dem Donald Trump an de Staats- respektiv Regierungscheffe vu Frankräich, Däitschland, Groussbritannien a Polen.

E Méindeg huet den Donald Trump da perséinlech mam Wladimir Putin telefonéiert. No dësem Gespréich huet den US-President d'Méiglechkeet vu Gespréicher am Vatikan genannt.

Wisou géing e Vatikan sech als Bün fir Gespréicher eegenen?

De Vatikan huet eng laang Geschicht als Vermëttler bei Konflikter. Als Chef vun der kathoulescher Kierch a Staatschef vun engem neutrale Staat hu Peepst dacks als Vermëttler bei Konflikter agéiert. Als en neutrale Staat ouni territorial Ambitioune gëtt de Vatikan vun anere Staaten an der Reegel net verdächtegt, eege geopolitesch Ziler ze verfollegen. Donieft gëtt de Poopst dacks als eng Zort moralesch Autoritéit wouergeholl.

Mam Pontifikat vum Jean Paul II. ass de Vatikan dann och zum diplomateschen Acteur am Kale Krich ginn. De Jean Paul II. huet ëmmer nees déi kommunistesch Ideologie kritiséiert an huet och eng ganz Partie osteuropäesch Länner besicht a sech do mat Dissidente getraff.

Nom Enn vun der Sowjetunioun am Joer 1991 huet de Vatikan nach am nämmlechte Joer d'Onofhängegkeet vun der Ukrain unerkannt. Doduerch gëtt de Vatikan vun der ukrainescher Säit traditionell als credibele Vermëttler ugesinn.

D'Relatiounen tëscht dem Vatikan a Russland waren dogéint ëmmer méi komplizéiert ewéi déi mat der Ukrain. Dat well d'orthodox Kierch a Russland net nëmmen e reliéisen, mä och e wichtege politeschen Acteur ass. Am aktuelle Konflikt tëscht der Ukrain a Russland huet de Vatikan dowéinst ënnert dem viregte Poopst besonnesch virsiichteg agéiert. De Franziskus huet bei sengen Aussoen iwwert de Konflikt virun allem déi gemeinsam chrëschtlech Wäerter vu Russland an der Ukrain betount. De Vatikan huet sech also virun allem drëms beméit, déi diplomatesch Kanäl tëscht béide Säiten oppen ze halen an als Vermëttler ze agéieren. Dat schéngt zum Deel zum Erfolleg gefouert ze hunn. Dass de Wladimir Putin dem Leo XIV. zu senger Wal gratuléiert huet, gëtt als Zeeche gewäert, dass de Kreml de Vatikan als wichtegen diplomateschen Acteur unerkennt.

Wéi realistesch ass et, dass et zu Gespréicher kënnt?

Ënnert dem neie Poopst Leo XIV. huet den Hellege Stull seng Bereetschaft, tëscht der Ukrain a Russland ze vermëttelen, nach eng Kéier méi däitlech gemaach. Esou huet de Leo XIV. schonn an der Vergaangenheet oppe gesot, dass hie bereet wier, tëscht béiden Acteuren ze vermëttelen. Hien huet sech scho mam Wolodymyr Selenskyj getraff a béid Säiten dozou opgeruff, a Verhandlunge mateneen anzetrieden.

Deementspriechend positiv huet den aktuelle Poopst och reagéiert, wéi den Donald Trump d'Propos vu Gespréicher tëscht der Ukrain a Russland am Vatikan an d'Gespréich bruecht huet. De Vatikan wier "ëmmer prett", fir Géigner nees zesummenzebréngen, géif "all Ustrengung" ënnerhuelen, fir dass de Fridden nees triumphéiert.

De Vatikan war och ënnert den éischte Staaten, déi op d'Annonce, dass de Wladimir Putin net perséinlech un de Gespréicher zu Istanbul deelhëlt, reagéiert hunn. Ausserdeem huet de Chef-Diplomat vum Vatikan, de Kardinol Pietro Parolin de Fait, dass d'Gespréicher an der Tierkei ouni en Accord iwwer eng Wafferou op en Enn gaange sinn tragesch genannt an och nach eng Kéier ënnerstrach, dass de Poopst bereet wier, de Vatikan als Bün fir eng Entrevue zur Verfügung ze stellen.

Vu Säite vum Vatikan ass also duerchaus Bereetschaft do, d'Ukrain a Russland fir Gespréicher ze empfänken. Ob de Poopst bei de Gespréicher och géing vermëttelen, steet allerdéngs op engem anere Pabeier. Den amerikaneschen Ausseminister Rubio huet d'Méiglechkeet, dass de Poopst vermëttelt, e Méindeg allerdéngs als wéineg warscheinlech ageschat.

Wärend d'Ukrain sech oppe fir Gespréicher am Vatikan gewisen huet, huet de Kreml sech dozou nach net geäussert. D'BBC schreift dozou, dass Russland en Interessi kéint dorun hunn, eventuell zukünfteg Gespréicher och zu Istanbul ze féieren. Dat well et esou fir Russland méi einfach wier, weiderhin op de Fuerderungen ze bestoen, déi et bis ewell un d'Ukrain gemaach huet. Wann d'Gespréicher weiderhin an der Tierkei gefouert ginn, dierft et fir Russland méi liicht sinn, weiderhin op d'Fuerderungen ze bestoen, déi de Kreml a puncto Reduzéierung vun der ukrainescher Arméi an der Unerkennung vun de besate Regioune Luhansk, Donezk, Cherson a Saporischschja gemaach huet.