Déi däitsch Sécherheetsautoritéiten hunn e Mëttwoch eng presuméiert rietsextreem Zell zerschloen.

Bei Razzien an e puer Bundeslänner goufen e Mëttwoch de Moie festgeholl, wéi de Parquet zu Karlsruhe an den däitsche Justizministère zu Berlin matdeelen. D'Grupp soll Attentater op Flüchtlingen a Leit, déi politesch anescht denken, geplangt hunn. Doriwwer eraus hätte si schonn e puer Mol probéiert, dës Pläng ëmzesetzen.

Terrorzell vu Jugendleche gegrënnt

Festgeholl goufen deemno fënnef Jugendlecher mat däitscher Staatsbiergerschaft. Véier vun hinne solle presuméiert Membere vun der rietsextreemistescher terroristescher Vereenegung "Letzte Verteidigungswelle" sinn, ee vun hinne gëlt just als Supporter. D'Vereenegung wier eréischt viru gutt engem Joer gegrënnt ginn.

Nieft de Razzien a Mecklenburg-Vorpommern, Brandenburg an Hessen gouf et och Perquisitiounen a Sachsen an Thüringen, déi méi laang gedauert hunn. Am Asaz waren iwwer 220 Polizisten, dorënner och Spezialtruppen.

Reprochë vu versichtem Mord a Brandstëftung

Ënnert anerem gëtt de Jugendleche versichte Mord, besonnesch schwéier Brandstëftung a Materialbeschiedegung reprochéiert - respektiv Bäihëllef zu dësen Doten. Am Laf vum Dag sollen déi Verdächteg virun den Ermëttlungsriichter vum Bundesgeriichtshaff kommen. Dëse soll hinnen d'Mandat d'arrêten erklären an iwwer d'Untersuchungshaft decidéieren, heescht et weider vum Parquet.

Zil vun der Zell wier et gewiescht, "duerch Gewaltdote besonnesch géint Migranten a politesch Géigner en Zesummebroch vum demokratesche System an der Bundesrepublik Däitschland erbäizeféieren", heescht et weider an der Erklärung vun den Autoritéiten. Dozou hu virun allem Brand- a Sprengstoffattentater op e Flüchtlingsheem a Strukture vum politesch lénke Spektrum gezielt.

Brandstëftung a Flüchtlingsheemer

Zwee vun de Beschëllegte sollen dem Parquet no den 23. Oktober 2024 e Feier an engem Kulturhaus zu Altdöbern geluecht hunn. D'Gebai war komplett bewunnt. Nëmmen duerch Zoufall wier kee blesséiert ginn. De Schued huet sech op 500.000 Euro belaf.

De 5. Januar dëst Joer sollen ausserdeem zwee vun de Verdächtege probéiert hunn, en Heem fir Asyldemandeuren zu Schmölln a Brand ze setzen. Dofir hätte si Pyrotechnik duerch eng ageschloe Fënster geschoss. E Feier war awer net ausgebrach. Déi zwee hu Spréch wéi "Ausländer raus" oder "NS-Gebitt" op d'Mauere gesprayt, Hakekräizer gemoolt an den Hitler-Grouss gemaach.

Donieft haten dräi vun hinnen en Attentat op e weidert Heem zu Senftenberg a Brandenburg mat Kugelbomme geplangt. Zu der Dot war et awer net komm, well zwee vun hinne festgeholl goufen.

Keen Alter fir rietsextreemen Terror

Fir d'Bundesjustizministesch Stefanie Hubig wier et iwwerdeem "besonnesch schockéierend", datt déi Verdächteg bei der Grënnung vun der Terrorzell nach mannerjäreg waren. "Dat ass en Alarmzeechen an et weist: Rietsextremisteschen Terrorismus kennt keen Alter." Den Ermëttler wier deemno e wichtege Coup gelongen.