Den US-President Donald Trump huet dem südafrikanesche Staatschef Cyril Ramaphosa bei enger Entrevue am Wäissen Haus schwéier Reprochë gemaach.

Den Trump huet vum Ramaphosa e Mëttwoch "Erklärunge" fir d'Schicksal vu wäisse Farmer a Südafrika verlaangt. D'Leit géifen an hirer Heemescht "higeriicht" an hiert Land géif beschlagnaamt ginn, sou den Trump.

Den US-President hat der Regierung zu Pretoria am Virfeld e "Genozid" un den Nokomme vu wäisse Kolonialiste reprochéiert. Den US-President huet dem Ramaphosa Videoopname gewisen, déi säi Reproche beleeë sollen. Dorop wiere Griewer vu wäisser Farmer ze gesinn, sou den US-President. Donieft huet den Trump eng Rei Artikele gewisen. Doranner géing et ëm "Doud, Doud, Doud" goen, sou den Trump.

De Ramaphosa huet reagéiert a gesot, déi Äusserungen a Biller an den Opname géingen net der offizieller Regierungspolitik entspriechen. Hien hätt den Trump virdrun zu engem "Neiufank" an de Bezéiungen opgeruff. De südafrikanesche Staatschef ass den éischten afrikanesche Vertrieder, deen den US-President a senger zweeter Amtszäit invitéiert huet.

D'US-Regierung hat déi lescht Woch 50 wäiss Südafrikaner als "Flüchtlingen" opgeholl. Den Trump stéisst sech un engem Gesetz zur Enteegnung vu Land, dat am Januar vum Ramaphosa ënnerschriwwe gouf. Et gesäit vir, datt déi südafrikanesch Regierung no staatlechen Enteegnungen ënner bestëmmten Ëmstänn keng Entschiedegunge leeschte muss.

An deem Konflikt hat d'Trump-Regierung am Februar Hëllefe fir Südafrika agefruer. Am Mäerz hunn d'USA de südafrikaneschen Ambassadeur Ebrahim Rasool ausgewisen. Hie géing fir "rassistesch Spannunge" suergen a géing d'USA an den Trump haassen, huet et als Begrënnung geheescht.

Fachleit widderspriechen iwwerdeems dem Trump senger Duerstellung vun engem angeebleche Vëlkermord. Domat géif hien eng a rietsextreme Kreesser verbreet Verschwörungstheorie vum sougenannte "White genocide" opgräifen.