Trump-Regierung hëlt geschenkte Katar-Jumbojet offiziell un

Den Donald Trum beim Verloosse vun der Air Force One / © AFP/Archiv/SAUL LOEB
Trotz Korruptiounsreprochen huet d'US-Regierung e Luxusjet aus dem Katar offiziell als Kaddo ugeholl.
Den US-Verdeedegungsministère huet e Mëttwoch zu Washington annoncéiert, dass ëmfaassend Sécherheetsmoossname geholl ginn, fir dass d'Boeing 747 "fir den Transport vum President vun den USA benotzt" ka ginn. Fir dem Verdacht vu Bestiechung géint de President Donald Trump entgéint ze wierken, geet d'"Spend" vu 400 Milliounen Dollar aus Katar offiziell un de Pentagon.
D'Unhuele vum Kaddo duerch de Ministère géif all de "Reegelen a Virschrëfte" vun den USA entspriechen, huet de Pentagon-Spriecher Sean Parnell betount.
D'US-Verfassung verbitt et Regierungsvertrieder, Geschenker, Titelen oder Änleches "vun engem Kinnek, Prënz oder auslänneschem Staat" ouni d'Zoustëmmung vum US-Kongress unzehuelen. Den Trump probéiert dës Anti-Korruptiounsklausel ze ëmgoen, andeems d'Schenkung un de Pentagon geet.
Den Trump hat d'lescht Woch ënner anerem Saudi-Arabien a Katar besicht a grouss Waffen- a Wirtschaftsverträg annoncéiert. Viru senger Rees hat hien erkläert, hie wier "domm", wann hien de "gratis, awer immens deiere Fliger" net unhuele géif. De Kaddo géif dem Staat vill Sue spueren, fir déi zwee al Presidentefligeren aus der Air-Force-One-Flott z'ersetzen.
De Chef vun de Demokraten am US-Senat, Chuck Schumer, hat de Kaddo vu Katar als "Bestiechung" an als "éischtklasseg auslännesch Aflossnam mat zousätzlecher Beefräiheet" bezeechent. Och Politiker vun de Republikaner an aner Unhänger vum Trump hu kritesch reagéiert. Si hu virun allem dorop higewisen, dass Katar déi radikalislamistesch Hamas an der Gazasträif ënnerstëtzt.