Fra stierft bei Accident op der däitscher A8 bei Dillingen

© AFP
No engem déidlechen Accident op der A8 bei Dillingen war d'Streck Richtung Lëtzebuerg stonnelaang wéinst Opraumaarbechte gespaart.
Wéi ënnert anerem d'Saarbrücker Zeitung a Blaulichtreport Saarland mellen, hätt d'Automobilistin géint 19.40 Auer aus bis ewell ongekläerter Ursaach d'Kontroll iwwer hiert Gefier verluer an ass domat an d'Leitplank gerannt. Déi 58 Joer al Fra ass nach op der Plaz un hire schwéiere Blessure gestuerwen.
Geschitt wier den Accident kuerz hannert der Opfaart Dillingen a Richtung Lëtzebuerg ënnert der Konrad Adenauer Bréck. Der Police no wier keen aneren Auto an den Accident verwéckelt gewiescht.
Aenzeien no sollen d'Rettungsdéngschter nach probéiert hunn, d'Fra ze retten, ma den nidderegen Auto hat sech, wéi och op Fotoen ze gesinn ass, deels ënnert d'Leitplank gedréckt. Wéinst de schwierege Biergungsaarbechte war d'Streck a Richtung Merzig a Lëtzebuerg nach bis kuerz viru Mëtternuecht gespaart.