Staarkt Äerdbiewen op der Insel Kreta

D'Insel Kreta / © AFP
En Donneschdeg gouf et op der griichescher Insel Kreta en Äerdbiewe vun der Stäerkt 6,1.
Der US-Äerdbiewenautoritéit USGS no louch den Zentrum vum Biewen an enger Déift vun 68 Kilometer nordëstlech vun der Haaptstad Heraklion. Blesséierter oder gréisser Schied goufe bis ewell keng gemellt.
Vill Awunner vun de Regioune Rethymo a Lassithi goufen duerch d'Äerdbiewe wakereg gemaach an hunn hir Haiser sécherheetshallwer verlooss, wéi de griichesche Sender ERT mellt. A Supermarchéë waren d'Wueren aus de Regaler gefall an op enger Rei Stroosse louch Lokalmedien no Gestécks um Buedem.
D'Biewe wier "a grousser Déift" gewiescht, sot de Fuerschungsdirekter vum Institut fir Geodynamik am Nationalen Observatoire zu Athen. Fir d'Bevëlkerung géing et dowéinst "kee besonnesche Grond fir Beonrouegung" ginn.
Korrespondente vun der Noriichtenagence AFP no,war d'Biewen an der ganzer Regioun ze spieren, och an der griichescher Haaptstad Athen an an Ägypten. D'Insel Santorini war awer, anescht wéi uganks gemellt, vum Äerdbiewe verschount bliwwen. Vun Enn Januar u waren Dausende Biewe ronderëm Santorini a seng Nopeschinsele registréiert ginn. Esou eng Serie vu Biewen hat et an deem Gebitt zanter 1964 net méi ginn.