Tréierer Police test nächst Woch nei Cannabis-Drogentester

© AFP (Archivfoto)
Zu Bitburg, net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz, wäerten Ugangs nächster Woch eng Rei Kontrolle gemaach ginn, fir nei Drogentester ze testen.
Méi genee ass et nächste Méindeg an Dënschdeg esou wäit. Déi grouss Kontrollen, un deene sech enger Matdeelung vum Polizeipräsidium Trier no ënnert anerem och Beamten aus Lëtzebuerg an der Belsch bedeelegen, sinn de 26. a 27. Mee zu Bitburg.
Grond fir d'Kontrollen ass, datt de Grenzwäert fir Cannabis am Stroosseverkéier an Däitschland am Summer 2024 ugehuewe gouf. Zanterhier gëllt am Stroosseverkéier een THC-Grenzwäert vun 3,5 ng/ml Bluttserum. Experten no wier dëse Wäert vum Risiko hier vergläichbar mat engem Alkoholwäert vun 0,2 Promill, heescht et um Site vum Bundesministerium fir Verkehr.
Fir Fuerufänger a Leit ënner 21 gëllt iwwerdeems weider ee komplett Cannabisverbuet. Wien THC am Blutt huet, dierf an Däitschland ausserdeem net zousätzlech gedronk hunn.
Duerch d'Gesetzesännerung brauch et elo eeben nei Drogentester, fir méi genee testen ze kënnen. "Virun dësem Hannergrond bedeelegt sech d'Polizeipräsidium Trier un de landeswäite Prouwe fir nei Spaut- an Urintester", heescht et an der Matdeelung aus Tréier en Donneschdeg.
Wann d'Kontrolle fäerdeg sinn, wäert d'Héichschoul vun der Police a Rheinland-Pfalz d'Donnéeën zesumme mat der Rechtsmedizin Mainz auswäerten, esou datt an Zukunft "praxisorientéiert Empfeelungen" fir d'Verkéiersiwwerwaachung am Kader vum Cannabiskonsum kënne gemaach ginn.
Weider Detailer zu de Verkéierskontrollen d'nächst Woch fannt Dir hei.