Enn vum Mount gëtt um NATO-Sommet driwwer diskutéiert wat d'Länner sollen an d'Defense stiechen. Vu bis zu 5% vum PIB geet rieds...

Parallel zur Fro op zu Istanbul d'Friddensgespréicher tëscht Moskau a Kiew weidergefouert ginn, lancéiert Russland eng Summer-Offensive mat verstäerkten Attacken a weideren Doudegen an Zivilisten, déi hier Heemecht mussen hannert sech loossen.

D'Fro stellt sech, ob Russland d'ukrainesch Groussstad Charkiw am Oste vum Land wëll erueweren. Wéi et heescht, géifen eng 50.000 russesch Zaldoten bei Sumy gesammelt, fir vun do d'Grenzregioun z'attackéieren.

D'Ukrain iwwerdeem rekrutéiert de Mount bis zu 27.000 jonk Männer, déi agezunn ginn, fir hiert Land ze verdeedegen.

RTL

© Pavillon luxembourgeois

Enn vum Mount gëtt um NATO-Sommet driwwer diskutéiert, wat d'Länner sollen an d'Defense stiechen. Vu bis zu 5% vum PIB geet rieds. Dat wier eng enorm Zomme fir eist Land, dat seet och d'Lëtzebuerger Defense-Ministesch. Fir d'Yuriko Backes ass et wichteg ze wëssen, bannent wéi enger Zäit dës Zommen solle prett gestallt ginn.

D'Yuriko Backes iwwert d'Diskussioun ëm 5% vum PIB fir d'Defense

D'DP-Defense-Ministesch um RTL Mikro um Bord vun der Weltexpo a Japan: "Schwätze mer hei vu fënnef, vun zéng, vu méi Joer, bis mer op iergend ee Pourcentage kommen? An huet dat wierklech vill Wäert? Wie weess, wéi d'Situatioun op der Welt ass an zéng Joer, a 15 Joer, an 20 Joer? Dat weess haut absolut keen. Dat heescht, dat dote wäerten nach Diskussioune ginn. Mä egal wéi, 9, 10% vum Lëtzebuerger Budget fir d'Defense z'investéieren, schéngt mir extreem schwiereg. Mir brauchen do eng gewësse Flexibilitéit. Mee ech mengen, dat ass net nëmme Lëtzebuerg, déi dat wäerte froen. Dat heescht net, dass mir net bereet sinn, fir wierklech e solidareschen Alliéierten ze sinn, och an der Zukunft."