Den Iran huet e Méindeg US-Stëtzpunkten am Katar an am Irak mat Rakéiten ugegraff. Et ass d‘Revanche op d‘US-Attacken.

D‘Operatioun gouf vum Iran "Annonce vun der Victoire" gedeeft. Déi iranesch Staatstëlee huet d'Attacken eng "hefteg" Äntwert op "d'Aggressioun" vun den USA genannt. An der Haaptstad vum Katar Doha waren Explosiounen ze héieren. Dat confirméieren Zeien, dorënner och Mataarbechter vun der Noriichtenagence Reuters an der Noriichtenagence AFP.

Eent vun den Ziler ass Al-Udeid – eng Basis vun der US-Loftwaff an der Wüüst baussent Doha. Eng 10.000 US-amerikanesch Zaldote sinn do stationéiert. Der BBC no ass och brittescht Personal vum Militär do present.
 
De Katar huet matgedeelt, déi eege Loftofwier hätt d‘iranesch Rakéiten "mat Succès ofgefaangen". Dat mellt d‘Chaîne Al-Jazeera a berifft sech op den Verdeedegungsministère. Dem Katar no ginn et keng Affer.

RTL

Den US-Stëtzpunkt al-Udeid am Katar / © AFP

E Spriecher vum katareschen Ausseministère huet d'iranesch Attacke verurteelt. Et wier eng "Verletzung vun der Souveränitéit an dem Loftraum vum Katar souwéi dem Vëlkerrecht". Virdrun hat de Katar schonn annoncéiert, eng Rei "Virsiichtmoossnamen" ergraff an ënnert anerem de Loftraum zougemaach ze hunn. D'US-Ambassade am Katar hat US-Bierger am Land geroden, doheem ze bleiwen.
 
E Méindeg de Mëtteg hat den NATO-Generalsekretär Mark Rutte d‘US-Attacken am Iran verdeedegt. Se géifen net géint d‘Recht verstoussen. D‘NATO wär der Meenung, dass den Iran keng Atomwaffen dierf hunn, esou de Rutte. An et dierft een net vergiessen, dass den Iran wäit an de Krich an der Ukrain verwéckelt wär. Ënnert anerem liwwert den Iran jo Dronen un Russland.

Den NATO-Generalsekretär geet deemno dovun aus, dass um Sommet och iwwer den Iran geschwat gëtt.
No der iranescher Revanche, dierft et doru keng Zweiwele méi ginn.