Europäesche Parquet enquêtéiert géint Lëtzebuerger Bus-Secteur

© Domingos Oliveira - rtl.lu
Op Uerder vum Europäesche Procureur Général gouf a verschiddene Lokalitéiten no Beweiser gesicht.
D'Police Judiciaire huet d'lescht Woch d'Investigatiounen duerchgefouert. De Bedruch vu ronn 23 Milliounen Euro steet am Raum. Dofir gouf et Perquisitioune bei grousse Lëtzebuerger Bus-Entreprisen, bei der Administration des Transports Publics a bei engem fréieren héije Beamten doheem.
Et géif sech ëm e Betrag vu ronn 12 Milliounen aus dem Zäitraum 2022 bis 2023 aus dem European Regional Development Fund ERDF - och nach als FEDER bekannt - handelen an ëm nach emol 11 Milliounen Euro aus dem nationale Budget vun 2024.
Acteuren aus dem Lëtzebuerger ëffentlechen Transport hätten tëschent de Joren 2022 an 2024 systematesch Elektrobus-Zerwisser facturéiert, déi an der Realitéit awer mat thermesche Gefierer oder Hybride gefuer goufen. D'Obligatioune wieren net agehale ginn, well duerch dës Praktike vu méi héije Remuneratioune profitéiert gouf, déi eigentlech fir emissiounsfräi Transporter reservéiert sinn, heescht et.
Den europäesche Parquet preziséiert, datt d'Présomption d'innocence gëllt, soulaang bis déi zoustänneg Lëtzebuerger Geriichter eng Schold bewisen hunn.
Liest hei dat offiziellt Schreiwes vun der EPPO (European Public Prosecutor’s Office).
Mobilitéitsministere an Ekonomiesministere reagéieren
Et hätt een déi entspriechend Denonciatioune bei der Justiz deposéiert, nodeems bei der Analys vun de Projeten opgefall wier, datt et eventuell Infraktioune kéint ginn, esou reagéieren déi concernéiert Ministèren e Méindeg de Mëtteg an engem Communiqué. D'Lëtzebuerger Autoritéite géinge voll a ganz mat den europäesche Justiz-Instanze kooperéieren, fir d'Saach opzeklären.
Fir de Rescht kéint de Moment weder eng definitiv Conclusioun gezunn, nach e Commentaire gemaach ginn.
De Communiqué vum Mobilitéitsministere a vum Ekonomiesministere fannt Dir hei.