Wéini a mat wéi enge Mëttel kann d'Nato op Verletzunge vum Loftraum reagéieren?

© Photo by FORSVARSMAKTEN / HANDOUT / AFP
Spéitstens zënter dem Andrénge vun dräi russeschen MiG-31 Kampffligeren an de Loftraum vun Estland, hunn d'Spannungen tëscht der Nato a Russland zougeholl.
Ganzer 12 Minutte laang sollen déi russesch Kampffligeren an de Loftraum vun Estland agedronge sinn. Den Tëschefall e leschte Freideg markéiert en neien trauregen Héichpunkt vun enger Serie vu Provokatioune säitens Russland, dat un der Ost-Grenz vun der Nato.
A sou engem Fall huet den Nato-Vertrag zwee ganz wichteg Artikelen, nämlech den Artikel 4 an den Artikel 5. Den Artikel 4 ass déi sougenannte Consultatiounsprozedur a kënnt eben üblecherweis bei Verletzunge vum Loftraum an den Asaz, bei deene sech Länner menacéiert oder op d'mannst veronséchert fillen. Hei gëtt sech dann also Land mat den anere Membere vun der Nato ausgetosch a beroden, wéi ee sech verhale soll a wéi een adaptéiert reagéiere kann.
Den Artikel 5 ass dann déi sougenannte Bäistandsklausel, ma déi gräift awer nëmmen dann, wann et effektiv zu enger Attack vun engem Land géint e Land vun der Nato kënnt. Hei kann da säitens dem Land dat attackéiert gëtt ëm Hëllef bei den anere Membere froen.
An der Geschicht vun der Nato ass dësen Artikel réischt eemol an den Asaz komm, dat bei den Attacken op d'World Trade Center den 11. September 2001 zu New York. D'Provokatioune vu Russland, egal ob dës elo express oder onwëssentlech sinn, géife sech den Aschätzunge vum Sécherheetsexpert vun der Uni Köln, dem Klemens Fischer* no, awer nach kloer ënnerhalb der Limitt sinn, fir d'Declenchéiere vum Artikel 5 ze consideréieren: "Die Nato würde dann als angegriffen gelten, wenn von diesen Flugzeugen wirklich eine unmittelbare Gefahr auf Leib und Leben von Nato-Mitgliedern ausgeht, also auf die Bevölkerung oder Einrichtungen. Aber das ist derzeit nicht der Fall gewesen."
Et muss ee sech op weider "Provokatioune säitens Russland astellen" sou de Klemens Fischer weider, ma soulaang dës Provokatioune keng direkt Gefor duerstellen, muss een adaptéiert reagéieren an et kann een net iwwerreagéieren. Et géif eng Optioun ginn, selwer als Nato d'Bäistandsklausel auszeruffen, ouni awer mat Gewalt vu sech aus ze agéieren. Dëst wier nei fir d'Nato, sou den Expert, ma am Moment kéint een an dësem Zenario näischt ausschléissen.
Den Ofschoss vu Fligere wier definitiv dat lescht Mëttel vun enger ganzer Partie Optiounen. Sollt et zum Beispill zu engem Funk-Kontakt kommen iwwert en Transponder mat de betraffene Fligeren, kann een dës Opfuerderen ëmzedréien an de Loftraum vun engem Land ze verloossen. Ass keen Transponder aktiv oder de Funk gëtt ignoréiert, fléien eege Kampffligeren a Richtung vun de Fligeren déi agedronge sinn, fir dës ofzefänken. Bei Siichtkontakt gëtt dann nach eemol probéiert e Funk-Kontakt hierzestellen, respektiv iwwer international unerkannten Zeechen ze kommunizéieren.
Wann och dat näischt bréngt, fléien d'Offänk-Fligeren extrem no un d'Maschinnen, déi illegal am Loftraum sinn, erun, sou dass dës scho quasi physesch vun hirem Wee ofbruecht a Richtung Grenz eskortéiert ginn.
Dono da gëtt zu Waffegewalt gegraff, ouni awer op déi géigneresch Maschinnen ze zilen. Hei schwätzt ee vu Warnschëss, déi an d'Eidelt ofgi ginn, souzesoen als lescht Warnung. Eréischt dono, sou de Klemens Fischer, géif et da wierklech eescht ginn: "Die Frage ob man den Flieger abschießt, ist wohl die entscheidende Frage für jeden Piloten, denn diese Entscheidung muss der Pilot auch noch alleine entscheiden, wenn die grundsetzliche Erlaubnis vorhanden ist. Man muss abwegen, ob es eine unmittelbare Gefahr für das Land darstellt. Wenn das nicht der Fall ist, dann sagt das Völkerrecht, es wäre eine unangemessene Handlung das Flugzeug abzuschießen. Hier ist zum Glück noch viel Luft nach oben, aber Russland provoziert wie man sieht, jeden Tag aufs Neue, die Nerven der Nato sind sehr sehr angespannt und es ist die Frage, wie lange man diese Nerven bewahren kann."
Wann ee sech un de Virfall vum Ofschoss vun enger russescher Suchoi Su-24-Maschinn am Joer 2015 erënnert, déi säitens der Tierkei ofgeschoss gouf, wéi déi am tierkesch-syresche Grenzgebitt ënnerwee war, da weess een, dass en Ofschoss och net ëmmer zum Krichszoustand féiert. Ma eppes wier awer kloer, sou de Sécherheetsexpert: Bei der klengster Iwwerschreidung vun engem Nato-Fliger an de russesche Loftraum wäert dann zimmlech sécher a séier zu engem Ofschoss féieren, do wäert Russland dann och net zécken. Genee hei géif d'Gefor am Moment u sech leien.
Dobäi kënnt, dass d'Nato hire Loftraum dann dach net sou am Grëff huet, wéi een dat u sech géif hoffen, sou d'Kritik vum Klemens Fischer: Op der enger Säit schéisst d'Nato mat Rakéiten, déi Millioune kaschten, op Dronen, déi just dausenden Euro wäert sinn, dat well ee keng effizient Ofwier géint Dronen huet. Dëst weist d'Beispill vu russeschen Dronen, déi an de polnesche Loftraum gerode sinn. Op der anerer Säit waren déi russesch Kampfjette ganzer 12 Minutten am Loftraum vun Estland, bis e Kampffliger vun der Nato dës ofgefaangen huet. Eege Kampffligere besëtzen déi baltesch Staaten net, d'Quantitéit vun Nato-Kampffligeren ass deels ze kleng a misste souguer permanent an der Loft sinn, wat natierlech d'Käschte fir d'Nato an d'Luucht dreift.
Verstäerkt gëtt dëst nach duerch e Verstopp-Spill säitens Russland, déi mol am Norden, mol am Süden, mol am Zentrum an den Nato-Loftraum an der Ostflank fléie kéinten, an doduerch nach méi Asätz a laang Strecke géif provozéieren an domadder d'Käschten an d'Luucht dreift.
D'Ofschéisse vun Drone wier iwwregens vëlkerrechtlech kee Problem, well dës eben onbemannt sinn. Hei misst een dem Klemens Fischer no just oppassen, dass soss keng Leit oder Infrastrukturen zu Schued kommen an och, dass an engem gewësse Verhältnis reagéiert gëtt, eppes dat d'EU an deem Fall aus reng finanzieller Siicht net gemaach hätt.
*De Klemens H. Fischer ass en erfuerene Jurist, Diplomat an Dozent op der Uni Köln, deen zanter ville Joren a Froe vun der internationaler Politik a Sécherheetsarchitektur schafft. Hien huet ënner anerem fir d'EU-Kommissioun, den EU-Rot souwéi d'UNO geschafft an ass haut Senior Advisor um Austria Institut fir Europa- a Sécherheetspolitik (AIES).