Weider Staaten hu sech e Méindeg den Owend eiser Zäit fir eng Unerkennung vu Palestina ausgeschwat, dorënner och, wéi schonn annoncéiert, Lëtzebuerg.

Am Virfeld vun der UN-Generaldebatt zu New York en Dënschdeg, haten sech d’Staats- a Regierungscheffen iwwert de Sujet vun der Zwee-Staate-Léisung tëscht Israel a Palestina ausgetosch. Geleet gouf d’Konferenz vu Frankräich a Saudi-Arabien.

D’Konferenz sollt en neien Impuls fir d’Verhandlungen tëscht Israel a Palestina ginn. Am Mëttelpunkt stoung déi international Unerkennung vu Palestina duerch ëmmer méi Staaten.

Standing Ovations goufen et vun der Palestinensescher Delegatioun fir de franséische President Emmanuel Macron. Nieft Frankräich huet sech e Méindeg och ënner anerem d’Belsch, Neiséiland, sou wéi och Lëtzebuerg zu engem Palestinenserstaat bekannt.  Schonn de Weekend hate, mat Groussbritannien, Kanada an Australien, déi éischt grouss Wirtschaftsnatioune virgeluecht.

Ziel ass et, Drock ze maache fir international Verhandlungen. Et géing eng historesch Responsabilitéit op de Staats-a Regierungscheffe leien, huet den Emmanuel Macron ënnerstrach.

Zwar hu schonn iwwer 150 vun den 193 UN-Memberstaate Palestina unerkannt, ma d’Decisioun vun direkt e puer zentrale, groussen Acteuren, déi traditionell zu de méi enke Partner vun Israel zielen, kéint den Drock op Israel erhéijen.
 
Mat Groussbritannien, Frankräich, China a Russland hunn elo 4 vun de 5 UN-Veto-Länner e Palestinenserstaat unerkannt. D’USA boykottéiert, genausou wéi Israel, d’Konferenz fir eng Zwee-Staate-Léisung. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu wäert e Freiden op der Vollversammlung schwätzen.