"Et huet ee gespuert, datt hei e Kapitel Geschicht geschriwwe ginn ass"

© Photo by ANGELA WEISS / AFP
Esou reagéiert de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, nodeem hie seng Ried virun der UN gehalen huet.
"Et war eng schwiereg Decisioun fir vill Länner, och fir Lëtzebuerg", seet de Premier Luc Frieden, fir deen ee "gespuert huet, datt hei e Kapitel Geschicht geschriwwe ginn ass". Zesumme mat den anere Länner, déi Palästina unerkannt hunn, huet een dës "Decisioun fir de Fridde geholl". De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel betount nach, datt zu Lëtzebuerg béid Koalitiounspartner dës Decisioun zesumme geholl hunn.
De Xavier Bettel seet och, datt ee schonn 2012 den Optrag kritt huet, dëse Schratt ze goen, wann en opportun wier. A fir den DP-Politiker war elo de richtege Moment, well een doduerch "d'Hoffnung, och wa se kleng ass", op Fridden an der Regioun huet. De richtege Moment war et och, well eng éischte Kéier vill arabesch Länner virun der UNO gesot hunn, datt d'Hamas keng Plaz a Palästina hätt an dat Walen, datt Ännerungen um Terrain solle kommen.
Fir Fridden am Noen Osten ze hunn, mussen Israel a Palästina a Fräiheet an a Fridden nieftenee liewe kënnen. Dofir mussen awer d'Geisele fräigelooss ginn an et muss en demokratesch Palästina entstoen. "An dozou gehéiert, datt een Unerkennt, datt d'Palästinenser e Recht op e Staat hunn", esou wéi Israel dat och zanter 1948 huet, esou de Premier.
Palästina "léiwer spéit, wéi ni" als Staat unerkenne
Zesumme mat Lëtzebuerg hu knapp iwwer 150 Länner Palästina als Staat unerkannt. Lëtzebuerg war esou spéit un, well een der zwou Staate Léisung, déi wuel weder Israel nach d'Hamas wëllen, en neie "Push muss ginn". Well mat Frankräich a Groussbritannien zwee Membere vum UN-Sécherheetsrot Palästina elo unerkannt hunn, "ass eppes ganz aneschters", esou de Lëtzebuerger Premier. "Léiwer spéit, wéi ni", nennt dat de Xavier Bettel.
Zesumme nach mat der Belsch a Portugal ass et elo net "iergendee Land", datt eppes decidéiert huet, mä eng concertéiert Aktioun, ergänzt den CSV-Premier Luc Frieden. An elo ass et dann och da Fall, datt "eng Majoritéit vun den EU-Memberlänner" Palästina als Staat unerkennt. Eent ass awer och fir de Luc Frieden kloer. De Staat Palästina "wäert net muer de Moien entstoen", mä dës Unerkennung ass den Ufank vun engem Prozess. Dem Premier ass et awer och wichteg ze soen, datt et keng Decisioun géint d'Israeelien an d'Judden ass, mä au contraire brauche "mer Fridden an där Regioun".
Fir Israel, mä net d'Accord, datt Gaza ausgerott gëtt
"Mir stinn op der Säit vun Israel", seet de Luc Frieden weider, "mä mir sinn net d'Accord mat den Decisioune vun der Regierung vum Premier Netanjahu, fir einfach Gaza auszerotten an d'Leit fortzeschécken." Esou kann ee kee Fridden an där Regioun hunn. De Xavier Bettel ergänzt, datt, sollt ee waarden, bis d'Hamas d'Geisele fräiléisst oder Israel eng Wafferou decidéiert, fir Palästina unzëerkennen, geschitt dat vläicht ni. "Mir gesinn awer all Dag honnerte vu Leit, déi stierwen. Leit, déi näischt gefrot hunn. Jonk Leit, Fraen, Kanner, Geschwëster. Mir sinn amgaang just amgaangen, Haass do ze provozéieren." Dofir ass et elo déi richteg Etapp, fir Palästina als Staat unzëerkennen.
Dëse Schratt gouf geholl, "net fir Applaus ze kréien", esou den Ausseminister. Mä et huet ee se geholl, well ee wëll, datt sech um Terrain eppes ännert. Et wëll een am Sënn vu Fridden, och fir Israel, eng Zwee-Staate-Léisung. "Et huet kee Wäert ze mengen, datt vun haut op muer alles do ophält."
Trump ka fir Fridden am Noen Osten an an der Ukrain suergen
De Luc Frieden hofft, datt och d'USA dës Entscheedung als eng "Decisioun fir de Fridde gesinn". Lëtzebuerg bleift Alliéierte vun den USA an dofir hofft de Premier och, datt d'Regierung Trump mat de Partner schwätzt, éier een Decisiounen hëlt. De Vizepremier huet do méi kloer Wierder. "Deen eenzegen, dee fir Fridde ka suergen, ass den Donald Trump. An och a Russland. Deen eenzegen, dee de Russe ka soen 'haalt elo op mat deem, wat der an der Ukrain maacht', ass och den Donald Trump". An de Xavier Bettel wier frou, "wann och Akte géife kommen". Sollt den Donald Trump et fäerdeg bréngen, datt a Gaza an an der Ukrain et zu engem Fridde kënnt, "sinn ech deen Éischten, deen hien ënnerstëtzt, fir de Friddensnobelpräis ze kréien".
Schonn am Virfeld hat de Luc Frieden och dem israeelesche President gesot, wat hien a senger Ried géif erwänen, an zwar datt Lëtzebuerg dofir ass, datt an der Regioun a Fridde gelieft ka ginn. Am Gespréich huet Israel awer matgedeelt, datt een d'Decisioun vu Lëtzebuerg géif regrettéieren. De Luc Frieden huet d'Telefonat awer als "gutt Gespréich" bezeechent, well sech béid Säiten nogelauschtert hunn. Op eng änlech Reaktioun hofft een zu Lëtzebuerg och aus den USA.
Lëtzebuerg huet dem palästinenser President Abbas proposéiert, ee bei de Reformen, déi néideg sinn, ze begleeden. "Et ass jo net esou, datt ee vu muer u Chef vun engem Land ass. Mä si mussen och en demokratesche Prozess maachen. Dozou hu si sech och organiséiert."
Um Schluss vu sengem Interview mécht de Xavier Bettel nach eng haart Ausso an en Appell a ganz verschidde Richtungen: Et ginn "zum Beispill véier Zenteren, fir z'iessen. Et sinn der 400 gi vun der Unrwa. Et sinn der véier haut, wou d'Leit z'iesse kréien. Do sinn honnerte vu Leit, déi stierwen all Woch, just well se eppes z'iesse siche goen. An deem dat egal ass... Sorry, ech fannen dofir keng Wierder".