Donald Trump klasséiert Antifa offiziell als "terroristesch Organisatioun" an

Domadder ginn d'Membere vun der antifaschistescher Grupp elo um US-Terrain als "domestic terrorists" ugesinn.
Den US-President huet déi lénk Antifa-Beweegung offiziell als "terroristesch Organisatioun" aklasséiert. Hien huet dem Wäissen Haus no e Méindeg en Dekreet ënnerschriwwen, mat deem dëst passéiert. Dëse Schratt kënnt no der déidlecher Attack op den ultrarietse US-Aktivist Charlie Kirk den 10. September. Allerdéngs ass onkloer, wéi déi Beweegung definéiert soll ginn. Experten no handelt et sech éischter ëm eng politesch Ideologie wéi ëm eng organiséiert Grupp.
Antifa soll Trump no opruffen, "d'US-Regierung ze stierzen"
Am Dekreet gëtt d'Antifa-Beweegung als "militäresch, anarchistesch" Organisatioun bezeechent, déi "ausdrécklech dozou oprifft, d'US-Regierung ze stierzen". Dofir setzt si dem US-President no "Gewalt an Terrorismus" an, fir d'Meenungsfräiheet ze ënnerdrécken.
Wéist dem "Muster u politescher Gewalt", déi als Zil huet, déi "rechtméisseg politesch Aktivitéiten ze ënnerdrécken an d'Rechtsstaatlechkeet ze behënneren", huet den Donald Trump d'Antifa-Beweegung als "terroristesch Organisatioun op amerikaneschem Terrain" aklasséiert, heescht et weider.
D'Antifa setzt "ausgeschafft Mëttel a Mechanismen" an, fir d'Identitéit vun hire Memberen ze schützen. Si notzt déi selwecht Methoden, fir hir finanziell Sourcen ze verstoppen an nei Memberen ze rekrutéieren, esou steet et am Dekreet.
Kritiker warnen: Trump notzt Dekreet, fir géint politesch Géigner virzegoen
Kritiker warnen, datt d'Aklasséiere als Terrororganisatioun als Virwand genotzt kéint ginn, fir Meenungen, déi net där vum US-President entspriechen, ze ënnerdrécken a politesch Rivale monddout ze maachen. De wäit gefaasste Begrëff "Antifa" steet fir "antifachistesch". Enger Etüd vum Fuerschungsdéngscht vum US-Kongress aus dem Joer 2020 no huet d'Antifa an den USA keng Persoun un der Spëtzt an och keng Struktur, déi enger Organisatioun änelt. Si besteet éischter aus "onofhängegen, radikale Gruppen an Eenzelpersounen, déi änlech iwwer verschidde Sujeten denken".
Trump: Antifa zoustänneg fir Kirk-Attentat an u Stuerm op Kapitol bedeelegt
Well den Donald Trump dovunner ausgeet, datt d'Antifa eppes mam Attentat op den Charlie Kirk ze dinn huet, hat hie schonn annoncéiert, datt hien déi lénk Gruppéierung als "Terrororganisatioun" géif aklasséieren. De Kirk war jo den 10. September bei engem Optrëtt op engem Campus vun enger Universitéit am Bundesstaat Utah erschoss ginn. Den 31 Joer ale Kirk huet als aflossräiche rietsen Aktivist a Sproochrouer vum Trump fir d'Jugend gegollt.
An der Vergaangenheet hat den Trump d'Antifa ëmmer nees fir verschidde Machenschafte verantwortlech gemaach. Hien huet hinne virgeworf, beim Stuerm op d'Kapitol de 6. Januar 2021 dobäi gewiescht ze sinn. Tatsächlech haten awer dem Donald Trump seng Supporter, vum deemools ofgewielte President ugestëft, d'Gebai vum Kongress gestiermt. Dobäi goufe ronn 140 Poliziste verletzt an verschidde Büroen zerstéiert.
Dem Trump senger éischter Inauguratioun am Januar 2017 haten Dosende Antifa-Memberen, déi schwaarz verkleet waren, an aner Demonstranten zu Washington protestéiert. Dobäi goufe Fënsteren ageschloen an een Auto a Flame gesat. Och un de Géigedemonstratioune géint rassistesch Märsch vu rietsextreme Gruppen am Joer 2017 zu Charlottesville am US-Bundesstaat Virgina waren Antifa-Membere bedeelegt.
Schonn a senger éischter Amtszäit wollt den Trump d'Antifa als "Terrororganisatioun" aklasséieren. Den deemoolege Chef vum FBI Christopher Wray hat deem entgéintgehalen, d'Antifa wier eng "Beweegung oder Ideologie", mä keng Grupp.
Begrëff "Antifa" kënnt aus NS-Zäit
Den Numm "Antifa" geet op déi sozialistesch Gruppen an Däitschland zeréck, déi sech wärend der Nazizäit an den 1930er Jore géint den Adolf Hitler gestallt hunn. Hir Memberen, och ganz schwaarz ugedoen, si bekannt dofir, géint Rassismus, Rietsextremismus a Faschismus virzegoen. Villen Antifa-Memberen no ass Gewalt an esouguer d'Ignoréiere vu Gesetzer an Ausnamefäll an zu der eegener Verdeedegung erlaabt, ganz nom Motto "Den Zweck hellegt d'Mëttel".