Wou dës onbekannt Dronen hierkoumen, ass aktuell nach onkloer.

Zwou oder dräi grouss Drone hunn e Méindeg den Owend iwwert dem Fluchhafe vu Kopenhagen hir Ronne gedréint. Déi dänesch Autoritéiten hunn dowéinst de Fluchhafe vun der Haaptstad gespaart. An der Nuecht du goufen d'Dronen och zu Oslo gesinn.

Wéinst den Dronen ass mat Ausfäll vu Flich esou wéi Verspéidungen ze rechnen, heescht et aus Dänemark. Änlech Wierder kommen aus der norwegescher Haaptstad Oslo. Schonn e Méindeg den Owend goufen d'Fluchobjeten iwwer Kopenhagen registréiert. Nodeem d'Dänen dowéinst Flich annuléiert oder verréckelt hunn, sinn d'Dronen e puer Stonnen drop zu Oslo gesi ginn. Do huet een nieft dem Fluchhafen och de komplette Loftraum iwwert der Stad gespaart. Flich, déi lande sollten, goufen ëmgeleet.

De Fluchhafen Kastrup an der dänescher Haaptstad Kopenhagen zielt nieft dem Fluchhafe Strockholm-Arlanda an Oslo-Gardermoen zu de gréisste Fluchhäfen a Skandinavien. Allebéid si se entretemps nees op fir de Fluchverkéier.