Ufank Januar dëst Joer ass tëscht zwee Haiser e Lach op der Héicht vum Trëtt entstanen. Néng Méint méi spéit huet sech nach ëmmer näischt gedoen.

D'Lach an der Rue François Raspail ass onverännert. Eng Gaardepaart, Bëtongsbléck leien nach ëmmer am gutt 2,50 Meter déiwen Äerdlach a Réier leie fräi. Déi zwee betraffen Haiser sinn deemno och nach ëmmer net bewunnbar.

Virun néng Méint hat een en éischten Diagnostik gestallt, elo wiere weider Buerungen néideg, fir ze kucken, wéi stabil de Buedem op där Plaz a ronderëm ass. "Wärend zwou bis dräi Woche gëtt iwwerall ronderëm d'Haus gebuert, ma och ënnendrënner, fir eventuell weider Huelraim auszemaachen. Mir wäerten dobäi 25 bis 30 Meter maximal bueren", sou de Responsabele vun den Aarbechte géintiwwer RTL Infos. Eent wier sécher, kuckt een d'Gréisst vum Lach, dass de Buedem muss enzwousch verschwonne sinn.

Op Nofro beim Buergermeeschter vu Villerupt Pierrick Spizak huet et geheescht, et hätt ee wuel am Fréijoer schonn Ënnersichunge gemaach, ma verschidde Resultater waren net kloer an dofir hätt ee missen eng nei Etüd finanzéieren. Dës bezilt d'Gemeng."Well de Site als 'état de catastrophe naturel' klasséiert gouf, iwwerhuelen d'Assurancen d'Chargë vun de Schied an den Aarbechten. Als Revanche bezilt d'Gemeng d'Etüden", wéi de Pierrick Spizak präziséiert. Aktuell läit de Käschtepunkt bei 80.000 Euro.

RTL

© RTL

Eréischt wann déi nei Etüden duerchgefouert goufen, kéint ee feststellen, ob d'Lach sech vergréissert oder net, ob d'Leit an hir Haiser kënnen zeréck an ob ee kéint ufänken, d'Lach zou ze maachen.

De kompletten Artikel an d'Conclusioun, dass dëst keen Eenzelfall a Frankräich ass, kënnt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos noliesen.