USA annoncéiere Stroftaxe vun 30 Prozent op EU-Importer

© AFP/File/Kenzo Tribouillard
Zanter Woche gëtt tëscht de Parteie verhandelt, ma elo schaaft den US-President Trump Tatsaachen.
Vum 1. August u wëll den US-President Stroftaxe vun 30 Prozent op Importer aus der EU an aus Mexiko erhiewen, huet den Donald Trump mat der Publikatioun vun engem Bréif a sengem Netzwierk "Truth social" annoncéiert.
Den Trump wier onzefridden iwwer de Stand vun de Verhandlungen tëschent Washington a Bréissel, heescht et bei Reuters. Sollt et an den nächsten dräi Woche keen Deal ginn, da géingen d'Stroftaxen an d'Realitéit ëmgesat ginn, dreet den US-President.
D'EU hat gehofft, een Handelsofkommes mat den USA ofschléissen ze kënnen, an esou eng Eenegung am Zollsträit ze fannen. Schonn eng ganz Rei aner Länner kruten dëser Deeg vun den USA Stroftaxe per Bréif matgedeelt, dorënner Japan, Kanada a Brasilien.
Ursula von der Leyen reagéiert op annoncéiert US-Stroftaxen
D'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen léisst wëssen, datt si de Bréif vum US-President Trump zur Kenntnis hëlt.
Si gëtt an engem Communiqué ze bedenken, datt duerch sou Stroftaxe wichteg transatlantesch Liwwerkette géinge gestéiert ginn, wat vill Nodeeler fir vill Leit op béide Säite vum Atlantik géing mat sech bréngen. D'Zil vu Bréissel wier et ëmmer gewiescht, eng Léisung um Verhandlungsdësch ze fannen an et wier een och nach ëmmer bereet, weider drop hin ze schaffe fir bis den 1. August en Accord ze fannen.
Parallel géif d'EU awer all Demarchen op de Wee bréngen, fir sech ze schützen. Dozou zielen - wann néideg - och Géigemoossnamen, sou d'Ursula von der Leyen.