300 Milliarden Euro fir d'EU-Agrarpolitik wier "en absolutte Minimum"
Ass manner méi? Den EU-Landwirtschaftskommissär reagéiert op d'Kritik, datt d'finanziell Enveloppe fir d'Bauere fir 2028 bis 2034 méi kleng géing ginn.
300 Milliarden Euro fir 7 Joer wieren 22% manner ewéi fir déi viregt an aktuell Zäitschinn. Dat misst een awer méi am Detail kucken a relativéieren.
De Christophe Hansen erkläert engersäits, datt déi 300 Milliarden Euro "en absolutte Minimum" wieren: "ge-ring-fenced" oder "sanctuarisé" - op Lëtzebuergesch: ewéi e Feld duerch en Zonk gutt ofgetrennt an ofgeséchert. Dobäi kéimen d’Hëllef fir Feldweeër oder Geméis an de Kantinnen, mee virun allem gutt 200 weider Milliarde fir Projeten oder Transformatiounen, déi iwwer regional a national Pläng finanzéiert kéinte ginn. Milliarden, déi d'Memberstaaten hire jeeweilege Prioritéiten no verdeele kéinten. Anerersäits géing déi nei gemeinsam Agrarpolitik méi Gerechtegkeet bréngen. Dat andeems bei grousse Betriber bei de "leschten Hektaren" d’Hëllef regressiv zeréck géing goen an déi Suen deene klengen oder jonke Baueren zegutt kéimen.
Fir déi jonk Bauere méi z’ënnerstëtzten, huet de Christophe Hansen och eng nei Strategie fir am Hierscht ugekënnegt - e Starter-Kit. Den CSV-Politiker huet e Beispill genannt, bei deem een anescht ewéi mat Sue kann hëllefen: eng schwedesch Mëllechbauerin hätt him erzielt, si misst tëscht "entweder Kéi oder Kanner" entscheeden. Dat well et an hirer Regioun keng Crèche géing ginn. "Do musse mer un de Servicer am ländleche Raum schaffen", esou de Christophe Hansen.
Nouveautéiten a Mercosur
Den EU-Kommissär fir Landwirtschaft huet nach 3 weider gréisser Neiegkeeten an de Propose fir déi nächst gemeinsam Agrarpolitik genannt. D’finanziell Zouschëss ginn un d’Inflatioun ugepasst, wann déi iwwer 3% läit. D’Reserv fir den Impakt vun ekologeschen oder kommerzielle Krisen ofzefiederen, gëtt op 900 Milliounen Euro pro Joer verduebelt. An d’Memberstaate kréiche méi Flexibilitéit fir d’EU-Hëllef un national Mesuren ze koppelen.
"Wa mer zum Beispill wëlle méi Proteinplanze produzéieren, well mer wëlle méi onofhängeg gi vun Importer aus Latäinamerika oder aner Regiounen. Oder och fir de Véibestand, well mir wëssen, datt deen a ville Regioune réckleefeg ass", sou de Christophe Hansen.
À propos Importer, Tariffer an Handelsaccorden: den EU-Kommissär huet den Handelsaccord mat Südamerika, de Mercosur, verdeedegt. D’EU hätt méi Problemer mat deenen, mat deenen d’EU keen Handelsaccord huet ewéi ëmgedréint. Bei Rëndsfleesch, Poulet an Zocker wiere Quote virgesinn, déi no 7 Joer zeréckginn, mee net op 0. Wa Perturbatiounen um Marché wieren, kéint een och "Stopp" soen. Handelsaccorde géingen ebe grad kloer Reegele festleeën.
Avancéeë bei Gespréicher fir méi Geld
De Christophe Hansen stellt sech op schwiereg Diskussiounen an, wann déi nächst 2 Joer tëscht de Memberstaaten an dem EU-Parlament de pluriannuelle Budget fir 2028-2034 verhandelt gëtt. Fir deen, dee fréier am EU-Parlament geschafft huet, duerno selwer Europadeputéierte war an elo an der Exekutiv zu Bréissel sëtzt, wier kloer: et wier méi einfach, wann d’EU-Parlamentarier hire respektiven nationale Länner géinge soen, se misste méi Suen op den Dësch leeën.
Hie perséinlech fënnt schonn, datt d’EU misst méi Moyene kréien. De Christophe Hansen huet drop higewisen, datt de federale Staat an den USA 23% vum PIB fir säi Budget hätt. An der EU wier et knapp 1%.
D’Iddie vun der EU-Kommissioun, fir méi Geld an hir Keess ze spullen - d’Taxen op Tubak, en Tarif, dee Leit, déi vu baussen an d’EU areesen, misste bezuelen oder nach eng Steier op d’Betriber – wäerte schwiereg ginn, mee de Lëtzebuerger EU-Kommissär aus dem Éislek erhofft sech "konkret Avancéeën" bei den Diskussioune mat de Memberstaaten.