Premier Lecornu schafft ënner Zäitdrock u Regierungsbildung

© AFP
De franséische Premier Sébastien Lecornu huet de Weekend ënner Héichdrock un der Formatioun vun enger neier Regierung geschafft.
Wéi d'Zeitung "La Tribune" schreift, kéint d'Regierung e Méindeg oder en Dënschdeg bekannt gi ginn. Bis en Dënschdeg muss d'Regierung schonn een Entworf vum Haushalt fir d'Joer 2026 virleeën, fir datt dësen nach fristgerecht op den Instanzewee bruecht ka ginn. D'Verfassung a Frankräich gesäit nämlech vir, datt d'Parlament 70 Deeg Zäit huet, fir de Budget ze préiwen, dat virum 31. Dezember.
E Samschdeg allerdéngs hunn déi konservativ Republikaner erkläert, se stéingen net als Koalitiounspartner fir de Lecornu bereet.
De Lecornu huet sengersäits gesot, hie géif eng Regierung, déi onofhängeg vun de Parteie géing agéieren, ustriewen. Hie wéilt "eng fräi Regierung" forméieren, bei där d'Memberen "net vun de Parteie gefaange gehale" géife ginn. "Ech wäert meng Flicht maachen, an ech wäert kee Problem duerstellen", sou de Premier e Sonndeg. Am Gespréich mat "La Tribune" sot hie weider, hie géing näischt Verrécktes maachen.
Den 39 Joer ale Politiker huet nach emol betount, datt et him ëm d'Saach an net ëm perséinlech Ambitioune goe géing. Un d'Sozialiste geriicht sot hien, datt an der zentraler Sträitfro der Rentereform "all Diskussioune méiglech" wieren. D'Sozialisten, deenen hir Ënnerstëtzung fir d'Forméiere vun enger Regierung gebraucht gëtt, fuerdere weiderhin d'Aussetze vum Macron senger Rentereform aus dem Joer 2023, déi a Frankräich ganz onpopulär ass.
De Lecornu war e Freideg vum President Emmanuel Macron nees zum President ernannt ginn, dat nëmme véier Deeg no engem Récktrëtt vun deem Posten.
De Lecornu steet weiderhi virun der Aufgab e Spuerhaushalt op de Wee ze bréngen. Op dësen ass Frankräich duerch seng héich Verschëldung dréngend ugewisen.
Frankräich huet zanter de virgezunne Parlamentswalen am Summer 2024 keng stabil Regierung méi. De Marcron hat d'Neiwalen ausgeruff, fir seng Muecht am Parlament ze festegen, ma dat huet net geklappt. D'Regierung huet seng relativ Majoritéit verluer, an den RN vum Marine Le Pen ass gestäerkt aus de Walen ervirgaangen. Zanterhier ass d'Nationalversammlung an dräi Bléck gedeelt: dat lénkst Lager, d'Regierungslager an der Mëtt an dat rietspopulistescht Lager. Kee vun den dräi Bléck huet eng Majoritéit.